Mir hëllefen iwwer Telefon an online - anonym a vertraulech

Wien kann eis kontaktéiren?

Dir!

Wéi mir hëllefen kennen:

D’Grondsätz vun eiser Aarbecht sinn: Anonymitéit, Diskretioun, Toleranz an Offenheet.

Mir versichen jidderengem mat Verständnis a Wäertschätzung ze begéinen – wéi ëmmer seng Situatioun och ass.

Déi aner Säit um Telefon si keng Psychologen a keng Therapeuten, mee interesséiert a qualifizéiert Benevolen.

Wéi déi eenzel Gespréicher sech entwéckelen, hänkt vun der momentaner Liewenssituatioun vun der Persoun of:

  • sou muss deen een mol Damp ofloossen
  • en aneren sicht Klärung an Orientéierung
  • oder awer Ennerstëtzung an Trouscht
  • déi eng wëlle sech preparéieren op wichteg Gespréicher oder Ausernanersetzungen
  • während anerer d’Gespréich oder d’Schreiwen notzen fir an hirer Situatioun erëm nei Motivatioun, Kraaft a Courage ze entwéckelen.

Brauch d’Persoun déi eis kontaktéiert eng Therapie oder eng aner aktiv Hëllefstellung, da kënne mir si iwwer déi Servicer, déi bestinn, informéieren.

Dir kënnt eis e puermol kontaktéieren, sief et per Telefon oder Mail.

Um Telefon ass et awer net méiglech, eng verbindlech Relatioun mam Uriffer opzebauen: Dir musst domat rechnen, datt Dir mat ënnerschiddleche Mataarbechter an d’Gespréich kommt. 
Mir maache kee Rendez-vous of a mir rufen och net zréck.

Eist Engagement kann also keng Therapie sinn! 
Et ass nëmmen e Gespréich oder e schrëftlechen Dialog, déi mir ubidde kënnen, och well mir wëssen, datt dat scho vill verännere kann …

An der Mailberodung kann et virkommen, datt Dir eréischt no 2 Schaff-Deeg eng Äntwert vun eis kritt. D’Mailberodung as net stänneg besat a mir huelen eis gären Zäit fir Iech ausféierlech ze äntweren. D’Mailberodung eegent sech also net gutt, wann Dir Iech an enger akuter Krisesituatioun befannt an dringend Hëllef braucht.

Retour en haut de page