Home  >  Iwwer eis  >  Eis Coursen  >  Eis Grondausbildung
Eis Coursen

Eis Grondausbildung

Eis zukünfteg Mataarbechter ginn an enger Grondausbildung op hiert Engagement virbereet.

Inhalter an Ziler vun dëse Coursen a Gespréicher sinn:

  • Sech selwer an aner Mënschen verdéift kennen ze léieren
  • Aféierung an d’psychologesch Gespréichsféierung
  • Vermëttlung vu psychologeschem Wëssen zu wichtege mënschleche Problemberäicher an Themen, wéi Ängschten, Depressiounen, eleng sinn, Entwécklung vu Partnerschaft a Famill, Sucht a Co-Ofhängechkeet, Trauer, asw.

All Joers ginn nei Ausbildungscoursen ugebueden!

Zeckt net eis ze kontaktéieren, wann Dir zousätzlech Informatiounen zu eisen Ausbildungscoursen wëllt kréien oder wann Dir op eis Kontaktlëscht wëllt opgeholl ginn fir déi neitsten Informatiounen zu der Ausbildung ze kréien. Schreift eis einfach op benevolat@sosdetresse.lu.

Retour en haut de page