Home  >  Iwwer eis  >  Eis Equipe  >  Wie ka matmaachen?
Eis Equipe

Wie ka matmaachen?

Wichtegst Viraussetzung …

… fir bei eis kënne matzemaachen ass en éierlecht Interessi a Freed um Kontakt mat anere Mënschen.

Toleranz an Offenheet, Interessi u psychologeschen Themen an d’Bereetschaft fir Neies ze léieren, sinn zousätzlech Qualitéiten, déi een onbedéngt muss matbréngen. 

Fir sech kënne reegelméisseg a verbindlech ze engagéieren, mussen interesséiert Persounen souwuel psychesch belaaschtbar, wéi och zäitlech disponibel sinn.

Eemol am Joer lancéiere mir eng Aktioun an de Medien a bidden interesséierte Mënschen un, sech an eisem Ausbildungsgrupp op d’Aarbecht um Telefon virzebereeden.

Villäicht sidd och Dir interesséiert?

Ob Dir 30 oder 60 Joer al sidd, 
ob Dir an engem Handwierk sidd oder Studie gemaach hutt, 
ob Dir schafft oder doheem sidd …

… wann Dir drun interesséiert sidd, Iech bei SOS Détresse ze engagéieren, da mellt Iech bei eis:

SOS Détresse, B.P. 620, L-2016 Luxembourg
Email : info@sosdetresse.lu
Fax : 26 44 14 37

Mir freeën eis, Iech weider Informatiounen kënnen ze ginn a mat Iech zesummen ze klären, wéi een Engagement dat richtegt fir Iech kënnt sinn.

Retour en haut de page