Home  >  Iwwer eis  >  Eis Organisatioun  >  Grondsätz a Philosophie
Eis Organisatioun

Grondsätz a Philosophie

Eis Grondsätz a Philosophie:

  • Anonymitéit
  • Toleranz
  • Kompetenz
  • Schweigeflicht
  • Respekt
  • Solidaritéit
  • Akzeptanz
  • Wäertschätzung
  • Empathie

Dem humanistischen Wäertbild verflicht, souwuel um Telefon, wéi och am Team.

Qualitéitsmanagement

Fir kënnen dës exigent Aufgab um Telefon sou wéi an der Mailberodung ze erfëllen, mussen d’Mataarbechter sech op eng serieux Virbereedung, kontinuéierlech Ennerstëtzung a Weiderbildungen verloosse kënnen. 

Eng weider Viraussetzung ass déi gutt Zesummenaarbecht tëschent de Benevolen an den ugestallte Mataarbechter, esou wéi de Vertrieder an den Aarbechtsgruppen a Gremien (Mataarbechterrot, Conseil). 

Déi institutionell Bedingungen, Normen an Ofleef, déi fir dëst  Zusammespill noutwendeg sinn, sinn an der „Qualitéitssécherung bei SOS Détresse“ festgeluecht.

D’Team hannert dem Team

Virbereedung, Weiderbildung a kontinuéierlech Begleedung vun de Benevolen, esou wéi di administrativ Aufgaben gi vun ugestallte Professionellen iwwerholl.

Retour en haut de page