Home  >  Iwwer eis  >  Eis Organisatioun  >  Ziler an Zilgruppen
Eis Organisatioun

Ziler an Zilgruppen

Zil vun eisem Engagement ass et, Mënschen an Nout eng diskret Hëllef unzebidden. Uruffen oder eng Mail schécken ass meeschtens einfach an onkomplizéiert ze réaliséieren: et brauch ee kee Rendez-vous ofzemaachen, néierens hinzegoen a sech och net ze weisen.

All Joer hu mir ongeféier 4000 Gespréicher mat Mënschen aus alle méigleche Liewenssituatiounen:

  • Mënschen, deenen hire Besoin no Klärung, Ënnerstëtzung an Austausch am tëschemënschleche Gespéich momentan net erfëllt gëtt – sief dëst wéinst engem konkreten, penibelen Thema oder wéinst hirer ganzer Liewenssituatioun
  • Mënschen an akuten Liewens-, Partnerschafts-, Familljen- a suicidäre Krisen
  • Mënschen a laangwiereg schwierege Liewenssituatiounen, Mënschen, déi kierperlech oder psychesch Problemer hunn, suchtkrank sinn, eleng sinn …

D’Aufgab vun de Mataarbechter ass et, de Betraffenen als empathesche Gespréichspartner ze begéinen.

Mënschen an akuter Kris oder a laangwiereg schwierege Liewenssituatioune versiche mir am Gespréich ze ënnerstëtzen, fir datt si erëm Zougang fannen zu hirer ënnerlecher Rou a perséinleche Stäerkten an domat kënnen nei Perspektiven an hirem Liewen entwéckelen. 
Ee wichtegt Zil besteet och doran, déi Betraffen z’encouragéieren, anere Mënschen (erëm) kënnen ze vertrauen an hir Hëllef unzehuelen.

Retour en haut de page