dt | fr | en | pt | es

Eis Berodung ass…

Anonym a vertraulech – D’Mailberodung ass komplett anonym. Ären Zougang ass geschützt a kann net zeréck verfollegt ginn. Eis MataarbechterInne stinn ënner Schweigeflicht.

Kompetent – eng gutt an detailléiert Ausbildung vun eise BeroderInnen ass eis wichteg. Bei eiser Berodung ass d’Grondhaltung Wäertschätzung ouni Virurteeler. Amplaz Iech séier Rotschléi ze ginn, versiche mir Är Situatioun ze verstoen an ënnerstetzen Iech beim Entdecke vun Äre Ressourcen a vu méigleche Léisungen.

Vill Sproochen – Lëtzebuerg besteet aus ville verschiddene Kulturen. Dofir bidde mir d’Mailberodung net just op lëtzebuergesch, däitsch a franséisch un. Dir kënnt eis och op englesch, spuenesch oder portugisesch schreiwen; da kann d’Zäit vun der Äntwert awer 1-3 Deeg méi laang daueren.

Zäitversat – Mir huelen eis gären Zäit fir eis detailléiert ëm Är Ufro ze këmmeren. Dofir kritt Dir net direkt eng Äntwert mee normalerweis bannen 3 Schaffdeeg.

Oppe fir jiddereen – Ob et ëm Stress oder Mobbing op der Aarbecht geet, ëm Problemer an der Koppel oder ob alles hoffnungslos schéngt, kee Problem ass ze grouss oder ze kleng fir eis ze schreiwen. Mir si fir Iech do a lauschteren no.

Gratis – D’Berodung ass gratis an onverbindlech.

Mir sinn e Berodungsservice fir Erwuessener.
Kanner a Jugendlecher fannen d’Online-Berodung bei Online Help vum Kanner- a Jugend-Telefon am Netz ënnert www.kjt.lu.

Adress:
SOS Détresse - Mir hëllefen iwwer Telefon an online a.s.b.l.
B.P. 620, L-2016 Luxembourg


Email:
info@sosdetresse.lu (Keng Berodung)

SOS Détresse huet den
«Agrément formation et conseil socio-familial»
vum Ministère de la Famille, de l’Intégration et à la Grande Région

Spendekonten:
BCEE LU20 0019 5000 1190 4000


SOS Détresse op Facebook

lux | dt | fr