dt | fr | en | pt | es

FAQ

Firwat muss ech e Benotzer-Account uleeën?

Fir Är Anonymitéit an och Är perséinlech a vertraulech Donnéeën ze schützen, fonctionnéiert d'Mail-Berodung am Internet mat engem webbaséierten, dateséchere System. D'Berodung leeft also net iwwert eng gewéinlech E-Mail-Adress, mee iwwert en Account, deen Dir Iech selwer iwwert eis Homepage ariicht.

Iwwert den Umelle-Link op der Säit "Umeldung/Login" kommt Dir bei eng "virtuell Berodungsplaz". Do kënnt Dir Iech mat engem fräi gewielte Benotzernumm an engem Passwuert umellen. Ënnert Wéi fonctionéiert et? kënnt Dir déi wichteg Schrëtter an Informatioune fir d'Prozedur vun der Umeldung liesen.

Vu weem ginn ech beroden?

SOS OnlineHelp ass eng Offer fir Berodung vun SOS Détresse. Dir gitt vu benevole Beroder a vu professionelle Psychologe beroden. Eis benevole Beroder sinn an enger ëmfangräicher Grondausbildung an an enger zousätzlecher Ausbildung an der Mailberodung virbereet ginn. Si gi fachlech begleet duerch reegelméisseg Supervisiounen.

 

Ech hu mäi Passwuert vergiess, wat elo?

Wann Dir bei der Umeldung Är E-Mail-Adress hannerluecht hutt, kënnt Dir op der Login-Säit en neit Passwuert ufroen.

Wann Dir keng E-Mail-Adress hannerluecht hutt, da mellt Iech w.e.g mat engem neien Nickname un. Schreift dann am Betreff eng Ufro mat dem Numm vun Ärem Beroder, nennt Äre fréieren Nickname a beschreift Äre Problem. Dir gitt dann un Äre fréiere Beroder weidergeleet an hie féiert d'Berodung weider. Well eis d'Protektioun vun Ären Donnéeë wichteg ass, kënne mir an dësem Fall Ären éischten Account leider net méi aktivéieren oder de Mail-Wiessel erausginn.

Wéi laang muss ech op eng Äntwert waarden?

Är Ufro gëtt iwwert d'Berodungsplaz engem Beroder zougedeelt. Dëse Beroder äntwert Iech bannen 3 Schaffdeeg. An Ausnahmesituatiounen, wann eis Méiglechkeeten a Kapazitéiten ausgelaascht sinn, kann et e bësse méi laang daueren. Äre Beroder informéiert Iech an deem Fall awer iwwert d‘Verspéidung. Fir Är weider Maile mécht de Beroder eng Zäitspan mat Iech aus (zwësche 5-10 Deeg). Hutt w.e.g. Versteesdemech dofir, dass mir de Weekend an och d'Feierdeeg keng Ufro beäntwere kënnen.

Wéi vill / wéi laang / wéi oft däerf ech bei SOS OnlineHelp schreiwen?

Fir Är Ufro gëtt et keng Virschrëften oder Begrenzungen. Mir sinn der Meenung, dass eng gutt Berodung e gudde Kontakt an e Vertrauensverhältnis brauch. Dofir huele mir eis op jidde Fall Zäit, all E-mail opmierksam ze liesen a grëndlech ze beäntweren. Wéi eng Zäitspan fir d'Beaarbechtung vun engem Problem gëeegent ass, versiche mir mat Iech zesummen erauszefannen.

Wéi ass dat mat der Schweigeflicht?

Anonymitéit a Vertraulechkeet sti bei SOS Détresse un éischter Plaz. Dofir ënnerstinn all eis Mataarbechter der Schweigeflicht. Eis Offer ass och esou opgebaut, dass mir am Berodungssystem keng IP-Adresse späicheren, sou dass et net méiglech ass, e Kontakt oder eng Persoun zeréck ze verfollegen. Trotzdem behale mir eis d'Recht, Mailen an anonymiséierter Form an eiser Supervisioun ze beschwätzen, well et fir eis Aarbecht wichteg an noutwenneg ass, eis an der Equipe auszetauschen a géigesäiteg ze beroden.

Sinn ech och bei Suicide-Gefor anonym?

Jo. Eis Offer ass esou opgebaut, dass mir am Berodungssystem keng IP-Adressen späicheren. Doduerch sidd Dir zu 100% anonym, egal mat wéi engem Uleies Dir Iech un eis wennt.

Wéi a wou gëtt mäin Account geläscht?

Dir hutt zu all Moment d'Méiglechkeet, ënnert dem Menüpunkt "Verwaltung" Ären Account selwer ze geréieren an ze läschen. Dir kënnt awer och Äre respektive Beroder froen, fir Är Donnéeën ze läschen, wann Dir dat wëllt.

Mir huet d'Berodung vill gehollef, wéi kann ech d'Aarbecht vun SOS Détresse ënnerstëtzen?

  • Mir freeën eis iwwert all Réckmeldung iwwert de Formulaire "Zufriedenheit" an Ärem Account. Esou hëlleft Dir eis, eise Berodungsdéngscht ëmmer weider ze verbesseren.
  • Dir kënnt eis an Ärem Account schreiwen, dass mir Deeler vun eisem Kontakt mat Iech an anonymiséierter Form fir Ausbildungszwecker benotzen däerfen. Esou ënnerstëtzt Dir eis bei der Ausbildung vun neie benevole Beroder.
  • SOS Détresse ass eng Ariichtung « d'utilité publique ». Wann Dir wëllt kënnt Dir eis och mat engem Don ënnerstëtzen, mat enger Iwwerweisung op ee vu folgende Konten:

               CCPL LU75 1111 1756 1848 0000
               BCEE LU20 0019 5000 1190 4000

Adress:
SOS Détresse - Mir hëllefen iwwer Telefon an online a.s.b.l.
B.P. 620, L-2016 Luxembourg


Email:
info@sosdetresse.lu (Keng Berodung)

SOS Détresse huet den
«Agrément formation et conseil socio-familial»
vum Ministère de la Famille, de l’Intégration et à la Grande Région

Spendekonten:
BCEE LU20 0019 5000 1190 4000


SOS Détresse op Facebook

lux | dt | fr