dt | fr | en | pt | es

Wéi fonctionnéiert d’Mailberodung?

Eis Mail-Berodung fonctionnéiert mat engem webbaséierten, dateséchere System (Software AYGOnet).

Wat heescht dat?

De Kontakt leeft net iwwert eng gewéinlech E-Mail-Adress, mee iwwert en Account, deen Dir Iech iwwert eis Homepage ariicht. Ären Account ass souzesoen Är perséinlech „virtuell Bréifkëscht“, zu där nëmmen Dir Zougrëff hutt.

Wann Dir d’Mail-Berodung fir d’éischt notzt, ass eng Umeldung noutwenneg.
Dir wielt dobäi e fiktive Benotzernumm (Nickname) an e Passwuert. Fir Är Anonymitéit ze garantéieren, wielt am beschten e Benotzernumm, deen Är Identitéit net verréit. Passt bei de Buschtawen op, ob Dir se grouss oder kleng schreift. Notéiert Iech den Numm an d’Passwuert a versuergt se op enger sécherer Plaz.

D’Ugi vun enger E-Mail-Adress ass fräiwëlleg. Iwwer déi E-mail-Adress kritt Dir just eng automatesch Noriicht, dass Äre Beroder Iech geäntwert huet, – dat ass net déi tatsächlech Äntwert! Vertraulech Informatioune ginn a kengem Fall op Är E-Mail-Adress geschéckt. De Beroder kann Är E-Mail-Adress net gesinn.

Liest w.e.g. dozou eist Benotzungsofkommes!
Wann Dir déi Konditiounen akzeptéiert hutt, kritt Dir Zougang zu Ärem Account.

Elo kënnt Dir mam Schreiwe vun Ärem Uleies ufänken.
Dobäi ginn et keng Virschrëften oder Begrenzungen. Är Ufro gëtt engem Beroder zougedeelt an Dir kritt bannen 3 Schaffdeeg eng Äntwert.

An Ausnahmesituatiounen, wann eis Méiglechkeeten a Kapazitéite voll ausgelaascht sinn, kann et e bësse méi laang daueren. Doriwwer gitt Dir dann awer informéiert.

Adress:
SOS Détresse - Mir hëllefen iwwer Telefon an online a.s.b.l.
B.P. 620, L-2016 Luxembourg


Email:
info@sosdetresse.lu (Keng Berodung)

SOS Détresse huet den
«Agrément formation et conseil socio-familial»
vum Ministère de la Famille, de l’Intégration et à la Grande Région

Spendekonten:
BCEE LU20 0019 5000 1190 4000


SOS Détresse op Facebook

lux | dt | fr