SOS Détresse sicht en Responsabel fir de Projet « Online-Chat » (m/w/d)

Onbefristeten Aarbechtskontrakt (CDI) – 20 Stonnen/Woch
Mir sichen e Mataarbechter aus dem psycho-soziale Beräich fir de Projet „Online-Chat“ an den Encadrement vun eise Benevollen an der Onlineberodung.
Är Missiounen an Aufgaben:
- Responsabilitéit an Duerchféierung vum Projet „Online-Chat“
- Ausbildung vu Benevollen fir de Projet „Online-Chat“
- Encadrement vu Benevollen am Alldag
- Konzeptioun an Duerchféierung vu Weiderbildunge fir eis Benevollen
- Redaktiounsaarbecht: Berichter, Dokumentatioun, Konzeptualiséierung
Äre Profil a Kompetenzen:
- Master- oder Diplomofschloss an engem psycho-soziale Beräich: Psychologie, Pädagogik, Theologie, Soziologie oder änlecher
- Beruffserfarung am psycho-soziale Beräich vun op d’mannst 3 Joer
- Ganz gutt Kenntnisser am Lëtzebuergeschen, am Däitschen, am Engleschen a Franséischen
- Beherrsche vun der Software Word, Excel, Powerpoint, souwéi gudden Ëmgang mat
Computerprogrammen am Allgemengen - Flexibilitéit a punkto Aarbechtszäiten (Verfügbarkeet owes eemol pro Woch)
- Führerschäin B an en Auto zur Verfügung
- Aarbechtssënn, deen eiser Organisatioun entsprécht: Diskretioun, Vertraulechkeet, Empathie, Verständnis fir Mënschen an Noutsituatiounen oder akute Krisen
- Verantwortungsbewosstsinn, gutt Organisatioun, Kommunikatiounsfäegkeet, Fäegkeet, autonom an am Team ze schaffen
- Wäerter a Sensibilitéit am Zesummenhang mam fräiwëllegen Engagement
Mir bidden Iech eng interessant an ofwiesslungsräich Aarbecht an enger Ekipp vun héichmotivéierte Professionellen a Benevollen, déi an enger kollegialer a frëndlecher Atmosphär zesummeschaffen.
D’Plaz ass ab direkt ze besetzen an op onbegrenzten Zäit.
Interesséiert Persoune kënnen hir Bewerbung mat enger Lettre de Motivation, engem ausféierlechen CV, Kopie vun Diplomer an Zertifikater an enger aktueller Foto bis den 15.10.2023 un: administration@sosdetresse.lu schécken.
Bewerbungen, déi déi erfuerdert Critèren net erfëllen, ginn net berécksiichtegt. Bei enger Astellung gëtt en Auszuch aus dem Casier Judiciaire verlaangt. D’Remuneratioun ass nom SAS Kollektivvertrag (Carrière C7).