Home  >  Noticias  >  SOS Détresse bitt eng nei Ausbildung fir benevole Mataarbechter*innen un
Noticias

SOS Détresse bitt eng nei Ausbildung fir benevole Mataarbechter*innen un

Publié le 9 enero 2024

Sidd Dir gären a Kontakt mat anere Mënschen? Interesséiert Dir Iech fir tëschemënschlech Bezéiungen a fir Psychologie? Kënnt Dir gutt nolauschteren? Kennt Dir Iech selwer gutt a wësst Dir, wou Är Grenze sinn? Kënnt Dir Krisesituatioune meeschteren? A wëllt Dir e Benevolat ausüben?

Da schléisst Iech eiser Grupp vu benevollen Nolauschter*innen vun
„SOS Détresse – Mir hëllefen iwwer Telefon an online“ un!

„SOS Détresse“ ass an de 70er Joer gegrënnt ginn, fir Mënschen, déi an Nout sinn oder sech an enger akuter Kris befannen, mat Telefonsgespréicher ze hëllefen. D’Gespréicher sinn anonym a vertraulech.

D’Grond-Ausbildung dauert annerhalleft Joer an ass op Lëtzebuergesch. Während dëser Ausbildung léiert Dir Technike vum Nolauschtere kennen. Dir kritt allgemeng Kenntnisser iwwer Psychologie an tëschemënschlech Bezéiungen, Dir léiert Iech selwer besser kennen an hutt d’Geleeënheet, Iech mat anere Benevollen a mat Fachpersonal aus dem soziale Beräich auszetauschen.

Déi nächst Ausbildung fänkt de 17. Abrëll 2024 un.
Informatiounsgespréicher fannen ab elo statt.

Kontaktéiert eis per E-Mail!

E-Mail: benevolat@sosdetresse.lu

Retour en haut de page