dt | fr | en | pt | es

Dateschutz

Webbaséiert Mailberodung. 
Fir beroden ze kënnen ass d’Vertrauensverhältnis eng Viraussetzung. D’Protektioun vun Ären Donnéeën an Ärer Anonymitéit sinn eis ganz wichteg. De Kontakt fir d’Berodung erfollegt dofir net iwwert eng normal E-Mail-Adress, mä e baséiert um Web, erfollegt also iwwert eng „virtuell Berodungsplaz“, vun der Software AYGOnet. Äre Mail-Kontakt mam Beroder gëtt verschlësselt op engem Server gespäichert. D’Iwwerdroe vun den Donnéeë vum Server op Äre Browser wéi och ëmgekéiert d’ Iwwerdroe vun den Donnéeë vun Ärem Browser op de Server ass – wéi beim Online-Banking – SSL-verschlësselt. Si kënnen doduerch, nom aktuelle Stand vun der Technik, net respektiv nëmme mat engem onverhältnisméisseg groussen Opwand vun Drëttpersoune gelies ginn.

Uleeë vun engem Notzeraccount. 
Fir d’Notze vun der Mail-Berodung ass et aus deene genannte Grënn noutwenneg, dass den Notzer sech mat engem eegenen Account umellt. Fir Iech unzemelle gitt Dir op d’Umeldesäit an do mellt Dir Iech mat engem fräi gewielte Benotzernumm (Nickname) an engem fräi gewielte Passwuert un. Bei der Umeldung ass et Iech iwwerlooss ob Dir Ären Alter oder Äert Geschlecht ugitt. Wann Dir perséinlech Donnéeë matdeelt, ginn déi zesumme mat Ärem Nickname an Ärem Passwuert an eiser Datebank verschlësselt gespäichert. Fir d’ Anonymitéit ze garantéieren, ass et am beschten, e fiktiven Numm ze wielen, deen Är Identitéit net verréit. Dir kënnt och fräiwëlleg eng E-mail-Adress uginn. Déi E-Mail-Adress kann de Beroder net gesinn, si gëtt nëmme vum System benotzt fir Iech automatesch Noriichten ze schécken.

D’Späichere vun den Donnéeën. 
Dir kënnt  zu all Moment Ären Account läschen. Et bleiwen am System nëmmen e puer statistesch Donnéeë vun Ärer Ufro bestoen, déi awer net kënne mat Ärer Persoun a Verbindung bruecht ginn. Dir kënnt esou Ären Account selwer geréieren; Dir kënnt awer och eis froe fir Är Donnéeën ze läschen. An deem Fall biede mir Iech, Ärem Beroder dat matzedeelen.

Opruffe vun de Web-Säiten.
Bei all Opruffe vun eiser Internetoffer ginn d‘Donnéeë fir statistesch Zwecker gespäichert. Mir erfaassen hei den Datum, d’Auerzäit an d’Dauer vun Ärem Besuch an och déi Säiten, déi Dir bei eis oprufft. Dës Donnéeë ginn nëmme benotzt fir eis Internetoffer ze verbesseren. Dës Donnéeë sinn net persounebezunn; dat heescht, dass et net nozevollzéien ass, wee wéi eng Donnéeën opgeruff huet. D’Donnéeë ginn a kengem Fall un Drëttpersoune weidergeleet. D’IP-Adresse gëtt dobäi net gespäichert!

D’Benotze vu Cookies. 
Fir eis Offer kënnen ze benotzen, mussen déi Persounen, déi ëm Rot froen, Cookies aktivéieren. Et gëtt e Sëtzungscookie gespäichert, dee beim Logout nees komplett geläscht gëtt. Cookies sinn noutwenneg, fir Iech während der Dauer vun Ärem Besuch bei SOS OnlineHelp vum Webserver ze identifizéieren.

Ausschloss vun der Responsabilitéit. 
Den techneschen Déngschtleeschter „Die Medialen GmbH“ vu Bonn iwwerhëlt keng Responsabilitéit wann d’ Beroderinstitutioun net gewëssenhaft mat sensibelen Date vun de Notzer ëmgeet. Dëst gëllt besonnesch am Fall wou e Beroder sech während enger Sëtzung Notizen oder Matschrëften uleet als Dokumentatioun fir d’ Supervisioun. Et ass och dann net de Fall, wann den Notzer dem Beroder seng richteg Identitéit matdeelt.

Den techneschen Déngschleeschter ass och net verantwortlech fir Problemer, déi sech aus der Notzung vun der Berodung erginn. An deem Fall sollen déi Persounen, déi Rot sichen, direkte Kontakt mat eis ophuelen: onlinehelp@sosdetresse.lu.

Adress:
SOS Détresse - Mir hëllefen iwwer Telefon an online a.s.b.l.
B.P. 620, L-2016 Luxembourg


Email:
info@sosdetresse.lu (Keng Berodung)

SOS Détresse huet den
«Agrément formation et conseil socio-familial»
vum Ministère de la Famille, de l’Intégration et à la Grande Région

Spendekonten:
BCEE LU20 0019 5000 1190 4000


SOS Détresse op Facebook

lux | dt | fr