dt | fr | en | pt | es

Konditioune fir d’Benotzung

D’Benotzung vun der Mail-Berodung bei SOS Détresse ass gratis. Si ass och méiglech, ouni perséinlech Informatiounen unzeginn. Bei der Umeldung ass d’Ugi vun de perséinlechen Donnéeën an der E-Mail-Adress fräiwëlleg!

Déi Donnéeë ginn exklusiv gebraucht fir d’Korrespondenz mat Iech. Wann Dir wëllt anonym bleiwen, da gitt w.e.g.bei der Umeldung e fiktive Benotzernumm (Nickname) an e Passwuert un. Nëmme mat deene kënnt Dir da méi spéit eis Äntwert op Är Ufro liesen. Notéiert w.e.g. Äert Passwuert an Ären Nickname a versuergt se op enger Plaz op déi keng aner Persoun Zougrëff huet.

D’Beroder sinn un d’Schweigeflicht gebonnen. Alles wat Dir eis matdeelt an all Ufroe behandele mir absolut vertraulech. Mir behalen eis awer d’Recht, Mailen an anonymiséierter Form an eiser Supervisioun ze diskutéieren, well et fir eis Aarbecht wichteg an noutwenneg ass, eis an der Equipe auszetauschen a géigesäiteg ze beroden.

Éischt Ufroe ginn an der Woch normalerweis bannen 3 Schaffdeeg beäntwert.
Mir si kee Kriisendéngscht a schaffen net samschdes, sonndes an d’Feierdeeg.

Eis Beroder beäntweren Är Froe qualifizéiert, kompetent a gratis. Fir eng adequat Qualifikatioun vun de Beroder suergt SOS Détresse a mir iwwerhuelen och d’Garantie dervun. Reegelméisseg Supervisiounen a Fortbildungscoursen sécheren d’Qualitéit vun eiser Offer.

D’ Mailberodung ka keng Therapie ersetzen.
Mir kënne mat Iech wichteg Unhaltspunkte fir d’Léisung vun enger Problemsituatioun erausschielen an zesumme mat Iech den Ëmgang mat dem Problem erschaffen.
Mir als Mail-Berodung iwwerhuele keng Verantwortung fir d’Handlunge vun enger Persoun, déi eis ëm Rot freet. Bei wichtege rechtlechen, medizineschen, séileschen oder wirtschaftleche Froen an och bei anere schwierege Situatioune sollen dofir ëmmer nach aner Berodungsdéngschter gefrot ginn. Wann Dir mat der respektiver Berodung net averstane wäert oder wann duerch en technesche Problem d’Berodung onméiglech ass, kënnt Dir Iech un Äre respektive Beroder wenden oder eng E-Mail schécken un: onlinehelp@sosdetresse.lu
Bei Ukënnegung vun engem Suicide ginn eis Beroder vun aller Responsabilitéit fir d’Konsequenz vun enger Berodung entbonnen. D’Benotzung vun eiser Mail-Berodung fält net ënnert den Artikel 410-1 a 410-2 vum Lëtzebuerger Strofgesetz. Wéinst der Anonymitéit vun den Ufroen an der Zäitspan tëschent der Ufro an der Äntwert ass et fir eis Beroder wierklech onméiglech, d’Ukënnege vun engem Suicide ze geréieren oder de Suicide ze verhënneren. D’Membere vun eiser Associatioun ouni gewënnbréngenden Zweck kënnen dofir op kee Fall wéinst ënnerloossener Hëllef am Sënn vum Gesetz zu Lëtzebuerg verklot ginn.

D’Mail-Berodung ass dofir kee Kriisendéngscht fir akut Noutsituatiounen!
Wann Dir Iech an enger akuter Krisesituatioun befannt, dann adresséiert Iech w.e.g. un eisen Tëlefonsdéngscht ënnert der Nummer 454545 (all Dag vu 11-23 Auer, freides a samschdes och nach vun 23-3 Auer) oder un den 112, respektiv d’Noutopnahm vum nächste Spidol.

Weider Adressen an Telefonsnummere fir akut Hëllef fannt Dir op der Säit vun der Suizidpräventioun: http://www.prevention-suicide.lu/de/wo-finde-ich-hilfe-de.html

Wann Dir mat de Konditiounen net averstane sidd, sollt Dir eisen Déngscht net an Usproch huelen.

Adress:
SOS Détresse - Mir hëllefen iwwer Telefon an online a.s.b.l.
B.P. 620, L-2016 Luxembourg


Email:
info@sosdetresse.lu (Keng Berodung)

SOS Détresse huet den
«Agrément formation et conseil socio-familial»
vum Ministère de la Famille, de l’Intégration et à la Grande Région

Spendekonten:
BCEE LU20 0019 5000 1190 4000


SOS Détresse op Facebook

lux | dt | fr