dt | fr | en | pt | es

Sécher am Netz

Wat kann ech fir meng Anonymitéit a meng Sécherheet am Internet maachen?

Bei der Mail-Berodung deelt Dir eis ënner Ëmstänn ganz privat a sensibel Informatiounen iwwert Är Persoun mat. Mir, vun eiser Säit aus, maachen alles wat technesch méiglech ass, fir Är Donnéeën ze schützen. Dir kënnt awer och selwer fir d’Sécherheet vun Ären Donnéeë suergen. Folgend Tipps kënnen Iech derbäi hëllefen, besonnesch wann Dir e Computer benotzt, deen och vun anere Persoune benotzt gëtt:

Ären Nickname
Fir eng méiglechst grouss Anonymitéit ze garantéieren, rode mir Iech, fir eis Mail-Berodung e Benotzernumm ze wielen, deen net mat Ärer wierklecher Identitéit a Verbindung bruecht ka ginn an deen Dir och net fir aner Déngschter am Internet gebraucht (z.B. bei Facebook, Twitter, Chatplattformen etc.). Wann Dir iwwerall dee selwechten Nickname (an eventuell och nach dat selwecht Passwuert) benotzt, dann hutt Dir e grousse Problem, wann iergendeen Zougang zu Ären Donnéeë fënnt. An deem Fall sinn nämlech all déi Websäiten, bei deenen Dir dësen Nickname/Passwuert benotzt hutt, a Gefor. Am Prinzip gëllt dat och fir Är E-Mail-Adress!

E séchert Passwuert.
Wielt e séchert Passwuert! Et sollt op mannst 10 Zeeche laang sinn an aus groussen a klenge Buschtawen bestoen, wéi och nach extra Zeechen an Zifferen. Verwennt keng offensichtlech Passwierder wéi „sosdetresse“, „454545″, „123456″ oder wichteg Datumen oder Nimm.
Schreift Äert Passwuert wa méiglech net op a gitt et och net un Drëttpersoune weider. Schützt och Äre Computer/Laptop/Smartphone oder Ären Tablet PC mat engem séchere Passwuert.

Oppassen: Passwuertmanager!
A ville Browsere gëtt et e Passwuertmanager, deen de Benotzernumm an d’Passwuert späichert. Wann Dir net sécher sidd, ob een Aneren Zougrëff op Äre Computer huet, sollt Dir dat Passwuert fir d’Mail-Berodung hei op kee Fall späicheren! De Passwuertmanager kënnt Dir awer och ganz desaktivéieren.

Onbedéngt ofmellen!
No Ärem Besuch op eiser Mail-Berodung sollt Dir Iech ëmmer mat dem «Abmelden-Button» ausloggen. Soss ass et méiglech, dass een Anere liicht Zougang zu Ärem nach ugemellten Notzeraccount kritt.

Updates si wichteg!
All Programm, wéi z.B. Ären Internetbrowser, ass vu Mënschenhand geschriwwen an d’Entwécklungen am Software-Beräich si rasant. Doduerch kënne sougenannt Sécherheetslächer entstoen. Dës Lächer ginn duerch Updates zougemaach. Dofir ass et wichteg, dass Dir fir all Är Programmer reegelméisseg en Update duerchféiert.

Am Allgemengen ass e verstännegen Ëmgang mat dësem Thema fir Är eege Sécherheet am Netz ganz wichteg!

Adress:
SOS Détresse - Mir hëllefen iwwer Telefon an online a.s.b.l.
B.P. 620, L-2016 Luxembourg


Email:
info@sosdetresse.lu (Keng Berodung)

SOS Détresse huet den
«Agrément formation et conseil socio-familial»
vum Ministère de la Famille, de l’Intégration et à la Grande Région

Spendekonten:
BCEE LU20 0019 5000 1190 4000


SOS Détresse op Facebook

lux | dt | fr