dt | fr | en | pt | es

Iwwer Eis

SOS OnlineHelp ass en Déngscht vun SOS Détresse – Hëllef iwwer Telefon an online a.s.b.l..

Mir sinn eng gemengnëtzeg Organisatioun, déi et sech zum Zil gemaach huet, Mënschen a perséinleche Krisen anonym an onverbindlech Hëllef iwwer Telefon a Mail unzubidden.

Säit 1977 gëtt et d’Berodung iwwer Telefon bei SOS Détresse, déi gréisstendeels vu Benevolen duerchgefouert gëtt. Ufank 2014 hu mir d‘Mailberodung agefouert fir de Gewunnechten an der Kommunikatioun an der Liewensrealitéit vun haut gerecht ze ginn a fir eng weider Méiglechkeet fir vertraulech Hëllef ze kréien opzemaachen.

Mir gesinn et als eis Aufgab, Mënschen an akute Krisen, a schwéieren oder belaaschtende Liewenssituatiounen, awer och bei anere perséinleche Problemer, op eng empathesch Aart a Weis bäizestoen. Mir wëllen dës Mënschen doran ënnerstëtzen, erëm Zougang zu hirer ënnerlecher Rou an hire perséinleche Stäerkten ze fannen an nei Perspektiven am Liewen ze entwéckelen.

Eist Team bei der Mailberodung SOS OnlineHelp besteet aus 10 MataarbechterInnen, déi deels benevole, deels haaptberufflech d’Ufroe beäntweren. Eis benevole MataarbechterInnen si fir d’Mailberodung spezifesch an detailléiert geschoult ginn a ginn och duerch Supervisiounen a regelméisseg Weiderbildunge weider begleet.

SOS Détresse huet eng Konventioun mam Familljen- an Integratiounsministère, sou dass hir fachlech Unerkennung an d‘finanziell Ofsécherung vun der Organisatioun garantéiert ginn.

SOS Détresse ass Member am „europäischen Dachverband der Telefonberatungsstellen“, der  „International Federation of Telefon Emergency Services” (IFOTES). D‘Riichtlinnen an d‘Ethik-Charta vun der IFOTES sinn zesumme mat de Leitlinne vun eiser Organisatioun d’Basis vun eiser Aarbecht.

Haaptsäit vun SOS Détresse

Adress:
SOS Détresse - Mir hëllefen iwwer Telefon an online a.s.b.l.
B.P. 620, L-2016 Luxembourg


Email:
info@sosdetresse.lu (Keng Berodung)

SOS Détresse huet den
«Agrément formation et conseil socio-familial»
vum Ministère de la Famille, de l’Intégration et à la Grande Région

Spendekonten:
BCEE LU20 0019 5000 1190 4000


SOS Détresse op Facebook

lux | dt | fr