Home  >  Nossas notícias  >  Mir siche Verstärkung fir eis Equipe
Nossas notícias

Mir siche Verstärkung fir eis Equipe

Publié le 6 Agosto 2024

SOS Détresse – mir hëllefen iwwer Telefon an Online asbl

Sicht en/eng

Administrativ(en) Sekretär(in) (m/w/d)

befristen Aarbechtskontrakt (CDD) – 20 Stonnen d’Woch

fir 6 Méint mat der Méiglechkeet vun enger Verlängerung

Är Aufgaben:

  • Ënnerstëtzung bei administrativen an organisatoreschen Aufgaben
  • Ënnerstëtzung vun de Benevolle bei administrativen an organisatoresche Froen

Profil :

  • Diplôme de fin d’études secondaires classiques/générales mat enger Ausbildung an Administratioun a Gestioun
  • keng Beruffserfarung néideg
  • Beherrsche vun der lëtzebuergescher oder däitscher an englescher Sprooch
  • Beherrsche vun der Software Word, Excel, Outlook souwéi gudden Ëmgang mat Computerprogrammen am Allgemengen
  • Gutt organisatoresch Kompetenzen
  • Eegeninitiativ a Verantwortungsbewosstsinn
  • Fäegkeet, autonom an am Team ze schaffen, gutt Kommunikatiounsfäegkeet
  • Aarbechtssënn, den eiser Organisatioun entsprécht: Diskretioun, Vertraulechkeet, Empathie
  • Wäertschätzung vum benevollen Engagement

Mir bidden Iech eng interessant an ofwiesslungsräich Aarbecht an enger Ekipp vun héichmotivéierte Professionellen a Benevollen, déi an enger kollegialer a frëndlecher Atmosphär zesummeschaffen.

D’Plaz ass ab direkt ze besetze fir 6 Méint mat Méiglechkeet vun enger Verlängerung.

Interesséiert Persoune kënnen hir Bewerbung mat engem ausféierlechen CV, Kopie vun Diplomer an Zertifikater an enger aktueller Foto per Mail bis den 30. August 2024 schécken un: administration@sosdetresse.lu

Bei enger Astellung gëtt en Auszuch aus dem Casier Judiciaire verlaangt. D’Remuneratioun ass nom SAS Kollektivvertrag (Carrière C4).

Retour en haut de page