Home  >  Notre actualité  >  SOS Détresse invitéiert op säi 45. Jubiläum
Notre actualité

SOS Détresse invitéiert op säi 45. Jubiläum

Publié le 23 août 2022

Dir Dammen an Dir Hären,

Dëst Joer feiere mir bei SOS Détresse – mir hëllefen iwwer Telefon an online a.s.b.l. de 45. Jubiläum, dee wéinst eiser Telefonsnummer (454545) natierlech eng ganz besonnesch Bedeitung huet. Dat wëlle mir mat Iech zesumme feieren, an zwar Méindes, de 14. November mat enger akademescher Sëtzung am Centre culturel Schéiss. Méi genau Informatiounen zum Oflaf an zu de Virträg fannt Dir an der Invitatioun am Anhang. Wann Dir Froen hutt, oder fir Iech unzemellen, mellt Iech gären ënner 45joer@sosdetresse.lu Mir freeën eis op e flotten Owend an hoffen, Iech begréissen ze dierfen!



Retour en haut de page