Mir sichen Psychologen oder Psychosozial Mataarbechter (m/f/d)

SOS Détresse – mir hëllefen iwwer Telefon an Online asbl sicht:

Psychologen oder Psychosozial Mataarbechter (Bac +5) (m/f/d)

Als Verstärkung fir de Service OnlineHelp

20h CDI an 30h CDD

Wanns Du en dynameschen an engagéierte Service a senger Weiderentwécklung wëlls begleeden, eng mënschlech beräicherend an ofwiesslungsräich Erausfuerderung sichs, da freeë mir eis op Deng Kandidatur.

Deng Missiounen:

  • Mataarbecht an eisem Service vun der Online-Berodung (Mail an Chat)
  • Deeglechen Encadrement a Begleedung vu Benevollen an hirer Aktivitéit
  • Ausschaffe vu Contenue fir d’sozial Medien an eisen Online-Optrëtt
  • Supervisioun vu Benevollen
  • Ausschaffen an Duerchféiere vu Formatioune fir eis Benevollen
  • Matschaffen un der Entwécklung a Ëmsetzung vun neie Strategien a Projeten an der Online-Berodung a fir eisen Online-Optrëtt
  • Ënnerstëtzung beim Ausschaffe vu Konzepte
  • Ëffentlechkeetsaarbecht, Presentatioun vum Service

Däi Profil:

  • Masterofschloss am psychosoziale Beräich (z. B. Psychologie) oder Equivalent
  • Beruffserfarung an eng zousätzlech Ausbildung (z. B. an der Therapie oder Berodung) ass e Plus
  • Staark Empathie an e wäertschätzenden Ëmgang mat anere Mënschen, a besonnesch mat deenen, déi an enger schwiereger Liewenssituatioun sinn
  • Freed un der Zesummenaarbecht mat Benevollen
  • E Sënn fir Diskretioun a Vertraulechkeet; Verantwortungsbewosstsinn; Kommunikatiounsfäegkeet; Autonomie an Teamgeescht
  • Sécheren Ëmgang mat Computerprogrammen (Word, Excel, PPT) an idealerweis Kenntnisser an de soziale Medien/Online-Marketing
  • Gutt Kenntnisser am Lëtzebuergeschen, Däitschen a Franséischen; gutt Kenntnisser am Engleschen sinn e Plus

Wat mir bidden:

  • Eng sënnvoll an gesellschaftlech relevant Aarbecht
  • Zesummeschaffen an enger Ekipp vun héichmotivéierte Benevollen an enger kollegialer a frëndlecher Atmosphär
  • Eng ofwiesslungsräich Funktioun tëscht Berodung, Begleedung, Ëffentlechkeetsaarbecht, Formatioun a Projeten
  • D’Méiglechkeet, d’Weiderentwécklung vun engem Service aktiv matzegestalten
  • Eng Remunératioun nom SAS-Kollektivvertrag (Carrière C7)
  • Flexibel Aarbechtszäiten, déi op d’Bedierfnesser vum Service (punktuell och mol owes oder um Weekend) wéi och op perséinlech Präferenzen ofgestëmmt sinn
  • Homeoffice méiglech
  • Plaz ass direkt ze besetzen

Wanns Du interesséiert bass, da schéck eis Deng Bewerbung (mat engem ausféierlechen CV, enger Lettre de Motivation an Kopie vun Diplomer an Zertifikater) un administration@sosdetresse.lu.

Bei enger Astellung gëtt en aktuellen Auszuch vum Casier Judiciaire verlaangt.