Mir sichen Psychologen oder Psychosozial Mataarbechter (m/f/d)
SOS Détresse – mir hëllefen iwwer Telefon an Online asbl sicht:
Psychologen oder Psychosozial Mataarbechter (Bac +5) (m/f/d)
Als Verstärkung fir de Service OnlineHelp
20h CDI an 30h CDD
Wanns Du en dynameschen an engagéierte Service a senger Weiderentwécklung wëlls begleeden, eng mënschlech beräicherend an ofwiesslungsräich Erausfuerderung sichs, da freeë mir eis op Deng Kandidatur.
Deng Missiounen:
- Mataarbecht an eisem Service vun der Online-Berodung (Mail an Chat)
- Deeglechen Encadrement a Begleedung vu Benevollen an hirer Aktivitéit
- Ausschaffe vu Contenue fir d’sozial Medien an eisen Online-Optrëtt
- Supervisioun vu Benevollen
- Ausschaffen an Duerchféiere vu Formatioune fir eis Benevollen
- Matschaffen un der Entwécklung a Ëmsetzung vun neie Strategien a Projeten an der Online-Berodung a fir eisen Online-Optrëtt
- Ënnerstëtzung beim Ausschaffe vu Konzepte
- Ëffentlechkeetsaarbecht, Presentatioun vum Service
Däi Profil:
- Masterofschloss am psychosoziale Beräich (z. B. Psychologie) oder Equivalent
- Beruffserfarung an eng zousätzlech Ausbildung (z. B. an der Therapie oder Berodung) ass e Plus
- Staark Empathie an e wäertschätzenden Ëmgang mat anere Mënschen, a besonnesch mat deenen, déi an enger schwiereger Liewenssituatioun sinn
- Freed un der Zesummenaarbecht mat Benevollen
- E Sënn fir Diskretioun a Vertraulechkeet; Verantwortungsbewosstsinn; Kommunikatiounsfäegkeet; Autonomie an Teamgeescht
- Sécheren Ëmgang mat Computerprogrammen (Word, Excel, PPT) an idealerweis Kenntnisser an de soziale Medien/Online-Marketing
- Gutt Kenntnisser am Lëtzebuergeschen, Däitschen a Franséischen; gutt Kenntnisser am Engleschen sinn e Plus
Wat mir bidden:
- Eng sënnvoll an gesellschaftlech relevant Aarbecht
- Zesummeschaffen an enger Ekipp vun héichmotivéierte Benevollen an enger kollegialer a frëndlecher Atmosphär
- Eng ofwiesslungsräich Funktioun tëscht Berodung, Begleedung, Ëffentlechkeetsaarbecht, Formatioun a Projeten
- D’Méiglechkeet, d’Weiderentwécklung vun engem Service aktiv matzegestalten
- Eng Remunératioun nom SAS-Kollektivvertrag (Carrière C7)
- Flexibel Aarbechtszäiten, déi op d’Bedierfnesser vum Service (punktuell och mol owes oder um Weekend) wéi och op perséinlech Präferenzen ofgestëmmt sinn
- Homeoffice méiglech
- Plaz ass direkt ze besetzen
Wanns Du interesséiert bass, da schéck eis Deng Bewerbung (mat engem ausféierlechen CV, enger Lettre de Motivation an Kopie vun Diplomer an Zertifikater) un administration@sosdetresse.lu.
Bei enger Astellung gëtt en aktuellen Auszuch vum Casier Judiciaire verlaangt.