Home  >  Eis Partner  >  Zesummenaarbecht zu Lëtzebuerg
Eis Partner

Zesummenaarbecht zu Lëtzebuerg

Eise wichtegsten Collaboratiounspartner ass de Familljeministär, deen am Kader vun enger Conventioun déi fachlech Unerkennung an déi finanziell Sécherung vum Service garantéiert.

Zousätzlech dozou gi mir vun de lëtzebuergesche Gemengen, sozial engagéierte Privatpersounen, Firmen, Associatiounen a Serviceveräiner duerch Spenden an eiser Aarbecht ënnerstëtzt an encouragéiert.

Wichteg Partner sinn och d’psycho-sozial Servicer, bei déi mir Uriffer orientéieren, déi eng aner Hëllef, wéi e Gespréich brauchen.

Eng ganz aner Art vu Collaboratioun erméiglechen eis déi lëtzebuergesch Medievertrieder, déi eis bei der Vermëttlung vun Informatiounen a bei der Mataarbechterwerbung ënnerstëtzen.

Retour en haut de page