Home  >  Eis Infotexter  >  Perséinlech Themen  >  Psychotrauma
Export PDF

Psychotrauma

Wat ass en Trauma?

Eng traumatesch Erfahrung ass eng, déi net am Beräich vun den normalen Erfahrunge vun engem Mënsch läit. An awer ka jiddereen all Dag an esou eng traumatesch Situatioun geroden. An esou enger traumatescher Situatioun trëtt eng immens staark Angscht op well ee mam Doud konfrontéiert ass an aus eegener Kraaft net fort komme kann.

Den Nervesystem vun der Persoun ass iwwerfuerdert a „brécht zesummen“.

Mee net all psychesch Verletzung ass direkt en Trauma. Den Haaptpunkt ass d’Iwwerfuerderung. Wéini den Nervesystem awer iwwerfuerdert ass, ass bei all Mënsch ënnerschiddlech.

Wann een en Trauma erlieft huet, ass dat leider net méi réckgängeg ze maachen. Déi Persoun muss da Weeër fannen, fir domadder ëmzegoen.

Wéi eng Erfahrungen am Liewe kënnen traumatesch sinn?

Et kënnen Erliefnisser sinn, déi ee selwer erlieft huet oder bei deenen een Zeien ass.

Dat kann en Accident sinn, eng schwéier Krankheet oder en Iwwerfall. Et kann awer och sinn, wann ee plëtzlech e Mënsch verléiert deen engem nosteet, wann ee sexuell oder kierperlech Gewalt erlieft, awer och d’Erfahrung, déi ee mécht, wann een als Kand vernoléissegt oder verlooss gëtt.

Wat sinn normal Reaktiounen op esou Erliefnisser?

Fir ze verstoen, wat bei engem traumateschen Erliefnis geschitt, brauch een neurologescht Wëssen.

Doduerch, dass a sou enger Situatioun Stresshormoner ausgeschott ginn, ginn traumatesch Erliefnisser am Gehir ganz anescht verschafft wéi aner Erliefnisser. Meeschtens gëtt doduerch de Prozess, fir esou en Erliefnis ze verschaffen, gehemmt.

Dat ka sech duerch belaaschtend Gefiller ausdrécken, déi ëmmer erëmkommen, awer och duerch Erënnerungen oder kierperlech Reaktiounen.

Mir Mënsche reagéieren op schlëmm Saachen am Liewen. Dës Reaktioune sinn normal a kënne ganz ënnerschiddlech sinn:

  • Déi eng reagéiere mat engem Schock; wéi wa si „nieft sech“ géife stoen.
  • Anerer si wéi vu sech
  • Nach Anerer schénge ganz normal ze fonctionnéieren, sinn aktiv a këmmere sech ëm wichteg Saachen
  • Rëm Anerer weisen hir Gefiller ganz däitlech (zum Beispill Péng, Roserei,….)

Normalerweis loossen dës Reaktiounen no e puer Deeg no. Bei verschiddene Leit kann et awer dozou kommen, dass sou Reaktioune vill méi laang do bleiwen. Dës Leit leiden dann ënner:

  • Erënnerungen, déi sech ëmmer rëm opdrängen, meeschtens a Form vu Biller
  • Dem Gefill, d’Situatioun ëmmer erëm ze erliewen
  • Der Vermeidung vun allem, wat si un déi Situatioun erënnert
  • Ängschtlech an opgereegt sinn
  • Dem Gefill, dass si vu sech sinn an näischt wierklech spieren.

Wann dëst alles entweder als eng immens Belaaschtung erlieft gëtt oder méi laang wéi 3 Méint dauert, sollten déi Betraffen sech onbedéngt Hëllef sichen.

Wann ee kierperlech blesséiert ass, heelt et besser, wann een dono kuckt. Sou ähnlech ass et och mat Verletzunge vun der Séil. Et ass immens wichteg, en traumatescht Erliefnis ze verschaffen, well just esou d’Symptomer verschwannen. Dofir brauch ee meeschtens professionell Hëllef.

Wat Dir selwer maache kënnt

Fir d’éischt sollt Dir wëssen, dass dat, wat Dir erlieft, Reaktiounen op eng schlëmm Situatioun sinn. Wann dir zum Beispill d’Gefill hutt, net méi zur Rou ze kommen oder wann Dir oft Biller am Kapp hutt, sidd dir also op kee Fall verréckt.

Sicht Iech Ënnerstëtzung bei Frënn a Famill.

Zitt Iech net zréck, och wann et schwéier fällt.

Informéiert Iech.

Wann Dir scho laang ënner de Folge vun dem Erliefnis leid, wär et gutt ze iwwerleeën, ob Dir domadder liewe kënnt a wëllt oder ob Dir Iech am geschützte Kader vun enger Traumatherapie nach eng Kéier domadder beschäftege wëllt.

Professionell Hëllef

Wann dir professionell Hëllef sicht, ass et wichteg, dass dir e Psychotherapeut/eng Psychotherapeutin sicht, deen extra fir dës Zort Trauma ausgebilt ass.

An dëser Therapie soll dann de Blockage vum zentralen Nervesystem geléist ginn, fir dass ee kann ufänken, dat Ganzt psychologesch ze verschaffen.

Retour en haut de page