Home  >  Iwwer eis  >  Eis Coursen  >  D’Formation continue
Eis Coursen

D’Formation continue

An eiser Formatioun bidde mir de Mataarbechter d’Méiglechkeet, hir  perséinlech  Kenntnisser an den 3 Elementer vun der Grondausbildung (Selbsterfahrung, Gespréichsféierung, psychologescht Wëssen) kontinuéierlech weider ze entwéckelen.

Thematesch orientéiert Coursë

An thematesch orientéierte Coursë kënnen d’Mataarbechter hiert Wëssen zu konkreten Themen a Problemberäicher, esou wéi hir Kompetenzen an der Gespréichsféierung verdéiwen.

Supervisiounsgruppen

An de Supervisiounsgruppen kënnen d’Mataarbechter spezifesch Froen a Wënsch no Ënnerstëtzung abréngen, déi sech an hirer Praxis um Telefon erginn.

Déi konzeptionell Grondlage

Déi konzeptionell Grondlage vun eisen Ausbildungen sinn

  • d’Grondsätz vun der persounenzentréierter Gespréichsféierung vum Carl Rogers,
  • d’Haltungen an Denkmodeller vun der systemescher Therapie,
  • esou wéi déi rezent Erkenntnisser aus der Neurobiologiefuerschung.
Retour en haut de page