Home  >  Eis Infotexter  >  Koppel  >  Trennung a Scheedung  >  Trennung a Scheedung
Export PDF

Trennung a Scheedung

Wann eng Koppel decidéiert, dass si net méi esou weiderliewe ka wéi bis elo an d’Famill opgeléist gëtt, kommen domadder grouss Verännerunge fir déi ganz Famill. Eng Trennung oder eng Scheedung matzemaachen ass fir déi meescht Betraffen immens belaaschtend, traureg a verletzend. Wat war ass elo net méi. Mir wëssen net méi, wéi et weidergoe soll a fillen eis hëlleflos an iwwerfuerdert. An awer, egal wéi wéi sou eng Trennung deet, kann et awer och eng nei Chance fir d’Famill si well manner gestridde gëtt.

Wéi ass et méiglech, eng Trennung esou oflafen ze loossen dass se fir d’Kanner a fir d’Elteren esou angenehm wéi méiglech ass? Wéi packe mir et, respektvoll mateneen ëmzegoen? Fir esou eng “gutt Trennung” brauch ee vill emotional Kraaft, mee et kann een et packen. Wat hei nach wäertvoll ass, ass d’sozial Kompetenz an dass ee fäheg ass, sech Hëllef ze sichen.

Kanner brauchen e gudde Kontakt zu béiden Elteren

Kanner si meeschtens schwéier vun de Belaaschtunge vun enger Trennung betraff. Si kënnen dat wat geschitt ass nach net wierklech verstoen. Jee nodeem, wéi al d’Kanner sinn, mierke si scho virdrun, dass eppes net stëmmt, wann och éischter onbewosst. Si reagéiere meeschtens veronséchert, hunn Angscht a Konzentratiounsproblemer, si verhalensopfälleg oder probéieren, jidderengem ze gefalen. Duerch d’Trennung vun den Eltere kann och dem Kand säi Vertrauen a Bezéiunge verluer goen. Si musse materliewen, wéi esou eppes selbstverständleches wéi d’Bezéiung vun den Elteren zerbrécht. Och hiert Gefill sech selwer géigeniwwer kann dorënner leiden.

Mir kënnen de Kanner vill Leed erspueren, wa mir dofir suergen, dass e Broch vun der Koppelbezéiung net zu engem Broch vun den elterlechen oder familiäre Bezéiunge féiert. Grad dës Bezéiunge bleiwen ëmmer. Et ass den Elteren hir Verantwortung, dës Bezéiunge weiderhin zouzeloossen an ze fleegen. Kanner brauchen, fir sech entwéckelen ze kënnen, d’Zouwennung vu béiden Elteren.

Wat kënnt elo?

Zousätzlech zu den emotionale Belaaschtunge kommen oft nach praktesch Problemer: déi finanziell Situatioun verännert sech, et gëtt villäicht eng nei Situatioun op der Aarbecht, et muss ee villäicht eng nei Wunneng oder eng nei Schoul fir d’Kanner sichen an d’Betreiung vun de Kanner muss nei organiséiert ginn. Et muss ee klären, wéini een d’Kanner dierf besichen an et kënnen och rechtlech Streidereien entstoen.

Wou fannt dir Rot?

Wat eng Trennung oder eng Scheedung vun eis fuerdert ass meeschtens ganz komplex. Mir mussen deem awer net hëlleflos géigeniwwer stoen. De Ministère fir d’Famill an d’Integratioun huet zesumme mat der “Arbeitsgemeinschaft Qualitätsmanagement Psy” (AG-QM-Psy) an aneren Auteuren eng Broschür zum Thema “Familien in Trennung und Scheidung” am Internet erausginn. Hei gi vill Themen opgegraff an et kritt een Ureegunge fir Hëllef. Dëst géife mir Iech un d’Häerz leeën.

Dir fannt do vill Informatiounen zu dësen Themen:

  • D’Konsequenze vun enger Trennung oder Scheedung fir Kanner
  • Ëmgang mat Kanner virun, während an no enger Trennung
  • Tipps wéi een d’Besich reegele kann
  • Verännerungen am Familljeliewen an am sozialen Ëmfeld
  • Berodung a Mediatioun bei Trennung a Scheedung
  • Adresse fir rechtlech Froen
  • Adresse vu Berodungszentren
  • Eng Bicherlëscht zum Thema Trennung a Scheedung
  • An nach vill méi…
Retour en haut de page