Home  >  Eis Infotexter  >  Themeberäich Gewalt  >  Wat maachen, wann ech mierken, dass mäi Partner gewalttäteg ass?
Export PDF

Wat maachen, wann ech mierken, dass mäi Partner gewalttäteg ass?

Als éischt gëllt de Grondsaz: et ass inakzeptabel, dass ee Mënsch engem anere Mënsch Gewalt undeet, ween och ëmmer dëse Mënsch ass. All Mënsch huet ëmmer de Choix, op Gewalt ze verzichten, et gëtt also keng Excuse fir d’Uwenne vu Gewalt. All Mënsch, ob Mann oder Fra, onofhängeg vu senger Liewensgeschicht, sengem Alter, senge sozialen oder reliéise Meenungen, senger Hautfaarf … huet d’Recht, respektéiert ze ginn an als gläichwäertege Mënsch ugesinn ze ginn. Gewalt opzedecken kann ee Mënscheliewen veränneren.

De Stëmmungssschwankungen vun Ärem Partner duerzehalen mécht Iech vulnerabel a bréngt Iech stänneg a Situatiounen, déi net viraus ze gesinn an onkontrolléierbar sinn. Dir wësst, dass Äre Partner all Moment explodéiere kann, egal aus wéi enger Ursaach. Dëst Gefill, keng Kontroll iwwert Är alldeeglech Liewenssituatioun ze hunn, kann Iech demotivéieren ze handelen. Villäicht hutt Dir keng Hoffnung méi, dass d’Situatioun nach ka verännert ginn. Allerdéngs: et kann een esou ee Liewenskontext veränneren.

Am folgenden Textofsaz wëlle mir Iech gären e puer Schrëtt a Richtung Verännerung weisen. Dat erlaabt Iech villäicht, d’Situatioun besser kontrolléieren ze kënnen an un aner Léisungsweeër ze denken, fir der Gewaltsituatioun en Enn ze setzen.

 

Verschidde Szenarien fir Är Protectioun

Dës Szenarien wäerten Iech dobäi ënnerstëtzen, hëllefräicht Verhalen fir ënnerschiddlech Situatiounen virzebereeden. E puer vun dëse Verhalensweisen kënnt dir virun der Kris virbereeden, anerer kënnen am Viraus iwwerduecht an an der Kris schnell ëmgesat ginn. Prioritärt Zil ass ëmmer, Är Sécherheet an d’Sécherheet vun Äre Kanner ze garantéieren.

Virun der Kris a fir de Fall, wou Dir Äert Doheem schnell verloosse musst:

  • Versuergt op jiddwer Fall eng Posch op enger Plaatz, déi Dir schnell an einfach erreeche kënnt oder gitt dës Posch engem Mënsch, deem Dir vertraut. An dës Posch leet Dir en Ersatzschlëssel fir Är Wunneng, perséinlech Pabeieren fir Iech ze identifizéieren an/oder Fotokopien dovun (carte d’identité, Pass, Sozialversécherungskaart, Gebuertsakt, Führerschäin, etc., vun Iech perséinlech a vun Äre Kanner). Sollt Dir gezwonge sinn, Äert Doheem iwwerstierzt verloossen ze mussen, dann huelt Dir dës Posch mat.
  • Iwwerzeegt Iech dovun, dass Dir liicht un dës Posch eru kommt an dass alles dran ass, wat Dir braucht : portemonnaie, porte-feuille mat Äre Pabeieren, Är Bank/Kreditkaarten, Ären Handy an Handyopluedegerät…
  • Maacht ee separate Bankkonto op, getrennt vun deem vun Ärem Partner.
  • Suergt dofir, dass Är Kanner virbereed sinn: sot hinnen, si sollen d’Police um 113 uruffen, wa si spieren, dass si a Gefor sinn a maacht eng Plaatz aus, wou Dir Iech treffe kënnt, wa si plëtzlech flüchte mussen …
  • Schwätzt mat Mënschen, deenen Dir vertraue kënnt iwwert Är Situatioun. Dir kënnt z.B. e codéierten Ausdrock aféieren, mat deem Dir drop opmierksam kënnt maachen, wann Dir Hëllef braucht a si zum Beispill d’Police uruffe sollen. Dir kënnt och e Codewuert mat Äre Kanner ofmaachen, sou dass si sech an der Kris a Sécherheet brénge kënnen.
  • Ënnersicht all Raum an Ärer Wunneng a bedenkt, wéi Dir fort komme kënnt, iwwerleet wéi eng Raim sech am beschten eegnen fir eng Flucht. A Präsenz vun Ärem Partner vermeid Dir déi Raimlechkeeten, aus deenen et keen Auswee gëtt. Vermeid a senger Präsenz och déi Raimlechkeeten, an deene Messeren, Waffen oder aner geféierlech Objekter leien.
  • Vertraut ëmmer Ärem perséinleche Jugement an Ärer Intuitioun.
  • Kuckt Iech Äre Plang regelméisseg un a kontrolléiert en ëmmer erëm.

Wann eng Kris ausbrécht während Dir doheem sidd, dann ass et prioritär wichteg, dass Dir Iech an Är Kanner kënnt a Sécherheet bréngen. Dir kënnt Iech zum Beispill an een Zëmmer aspären an Hëllef siche bei der Police oder bei engem Mënsch, deen Iech nosteet. Gidd uecht, dass Dir ëmmer en Telefon oder Schlësselen vun Ärem Doheem bei Iech hutt fir Iech am Noutfall och aspären ze kënnen.

 

Hëllef sichen

 Sech Hëllef sichen ass eng Noutwendegkeet. Gewalt kann duerch näischt entschëllegt ginn. All Mënsch verdéngt et, respektéiert ze ginn. Dir musst also handelen, fir dass d’Gewalt, déi  géint Iech geriicht gëtt, ka beendegt ginn. Fir dass dat geschéie kann, kënnt Dir Iech u Mënsche wenden, deenen Dir vertraut an un Organisatiounen, déi sech op haislech Gewalt a Gewalt an der Koppelbezéiung spezialiséiert hunn.

Eleng bleiwen an Är Nout aushalen ouni mat Engem driwwer ze schwätzen, huet nëmmen negativ Konsequenzen a wäert Är Situatioun onnéideg verlängeren. Driwwer schwätze kann hëllefen, fir de noutwendege Courage an d’Ënnerstëtzung ze fannen, déi Dir braucht fir den 1. Schrëtt a Richtung positiv Verännerung ze maachen.

Bei  SOS Détresse unzeruffen oder ze schreiwen ass schonn een éischte Schrëtt op Ärem Wee.  Dës Uriff a Mailkontakter sinn anonym an eis benevol Mataarbechter si gäre bereet, Iech nozelauschteren, Iech ze ënnerstëtzen an ze begleeden an Ärem Erliewen a bei Äre Pläng

 Ganz vill Organisatiounen hu sech spezialiséiert op haislech Gewalt, si kënnen Iech iwwer Är Rechter opklären, Iech begleeden an ënnerstëtzen bei all Schrëtt, deen Dir wëllt maachen. Um Enn vun dësem Text fannt Dir eng Lëscht vun dësen Organisatiounen.

Wann Dir, nodeems Iech Gewalt ugedoe ginn ass, physesch Zeechen a Blessuren hutt, dann ass et wichteg, fir bei en Dokter ze goen. Esou gitt Dir gewuer, wéi eescht Är Blessure sinn a wéi Dir se am beschte versuergt. En plus kann den Dokter Iech en Attest ausstellen, deen Dir spéiderhin eventuell als e wichtegt Beweisstéck kënnt notzen.

Décisiounen huelen ass schwiereg. Allerdéngs: wann Dir mat enger Persoun, déi Iech nosteet oder mat engem Professionelle schwätzt, da verflicht Iech dat zu näischt. An engem éischte Schrëtt geet et drëm, dass Dir eng Geleeënheet hutt, fir auszedrécken, wéi et Iech geet, wat Dir fillt an denkt. Eréischt duerno, an nëmmen nodeems Dir Iech bereet dozou fillt an dat och selwer décidéiert hutt, kënne nei Schrëtt ageleet ginn. Ee Professionellen wärt Iech nimools zwéngen, wéini a wéi Dir mat enger Verännerung ufänke sollt.

 

D’lëtzebuerger Gesetzer an Är Rechter

D’lëtzebuerger Gesetz iwwer haislech Gewalt ass den 3. September 2003 a Kraaft getrueden.  An dësem Gesetz geet et ëm all Mënsch, deen Affer ass vun der Gewalt vun enger Persoun, déi him nosteet. Dëst Gesetz erlaabt et, déi Betraffen ze ënnerstëtzen, si unzeleeden an ze beroden an hiren Decisiounen an hire Pläng.

Als alleréischt, sollt Dir Affer vu Bedrohungen a Mësshandlungen vun engem Mënsch sinn, deen Iech nosteet, da rufft d’Police op der 113 un. Do ginn d’Beweiser gesammelt a no der Erlaabnis vum Procureur d’état muss den Täter d’Schlësselen vun der gemeinsamer Wunneng ofginn an hie selwer gëtt aus der Wunneng ausgewisen. Dës Mesure ass während 14 Deeg gülteg; während dëser Zäit ass et dann och ënner Undroe vun enger Strof verbueden, dass den Täter zréckkënnt an d’Wunneng. No der Wegweisung gitt Dir vum « SAVVD, dem service d’assistance aux victimes de violence domestique » iwwer Är Rechter a méiglech Handlungsweeër opgekläert.

Ausserdeem ginn et verschidde Berodungsservicer a Fraenhaiser, déi gäre bereet sinn, Iech ze beroden an opzehuelen, wann Dir a Nout sidd. Zéckt also net fir si ze kontaktéieren, wann Dir an enger Gewaltsituatioun sidd.

An der folgender Lëscht sinn all Institutiounen opgezielt, un déi Dir Iech wende kënnt, wann Dir mat haislecher Gewalt konfrontéiert sidd. Do kënnt Dir konkret Méiglechkeeten vun Hëllef fannen, déi un Är perséinlech Situatioun ugepasst sinn.

 

Retour en haut de page