Home  >  Eis Aktualitéiten  >  Nei Formatiounsgrupp fir Benevollen 2021
Eis Aktualitéiten

Nei Formatiounsgrupp fir Benevollen 2021

Publié le 9 Oktober 2020

SOS Détresse – mir hëllefen iwwer Telefon an online: Zil vun eisem Engagement ass et, Mënschen an Nout eng diskret a vertraulech Hëllef unzebidden, iwwert Telefon an iwwert eis OnlineHelp.

Eis Telefon- an Onlineberodung sinn nëmme méiglech duerch den Asaz vun eiser Equipe vu benevolle Mataarbechter, déi an eiser Grondausbildung op hier Aarbecht virbereet gi sinn. All Joer, proposéiere mir eng nei Ausbildung fir déi Leit déi sech gäre fir ee Benevolat bei eis engagéieren.

Déi nächst Formatiounsgrupp ass fir ufanks Januar 2021 virgesinn.

Dir kënnt Iech ab elo bei eis informéieren an aschreiwen, ënnert info@sosdetresse.lu oder per Post, un SOS Détresse – BP. 620 L-2016 Luxembourg

Retour en haut de page