Eis Aktualitéiten
Weltdag vun der Suizidpräventioun
Publié le 10 September 2021
![](https://454545.lu/wp-content/uploads/2021/09/ravi-roshan-_klein.png)
Haut, den 10. September, ass de Weltdag vun der Suizidpräventioun. Am Joer 2020 huet SOS Détresse 91 Uriff an 21 E-mails mat Suizidrisiko gezielt, wat ongeféier 2 Fäll pro Woch entsprëcht.
Bei dëser Geleeënheet hu mir en Text zum Thema Suizid verëffentlecht, vun deem mir hoffen, datt en zu der Präventioun bäidréit a Mënschen a Nout Hoffnung bréngt.
Bleift net eleng mat Ärem Leed, kontaktéiert eng nostoend Persoun oder kontaktéiert eis!