Eis Aktualitéiten
Weltdag vun der Suizidpräventioun
Publié le 10 September 2022
![](https://454545.lu/wp-content/uploads/2022/09/BildActu2022-1.png)
Haut, den 10. September, ass de Weltdag vun der Suizidpräventioun. Am Joer 2021 huet SOS Détresse 92 Uriff an 49 E-mails mat Suizidrisiko gezielt, wat ongeféier 2,5 Fäll pro Woch entsprëcht.
Bei dëser Geleeënheet hu mir 3 Messagen verëffentlecht, vun deene mir hoffen, datt se zu der Präventioun bäidroen a Mënschen a Nout Hoffnung bréngen.
Bleift net eleng mat Ärem Leed, kontaktéiert eng nostoend Persoun oder kontaktéiert eis! Mir sinn ënnert der Nummer 454545 erreechbar oder schreift eis iwwer dëse Link.