Home  >  Iwwer eis  >  Eis Equipe  >  Wien äntwert eigentlech um Telefon oder op de Mail?
Eis Equipe

Wien äntwert eigentlech um Telefon oder op de Mail?

Wien ass mäi Gespréichspartner um Telefon?

45 Männer a Fraen …
… tëschent 30 a 75 Joer jonk …
… aus alle méigleche Liewenssituatiounen a Beruffer …
… aus verschiddenen europäesche Länner …
… alleguere fräiwelleg um Telefon engagéiert nodeems si 
an eiser Ausbildung dorop virbereet gi sinn.

Wien kritt meng Emailen?

SOS OnlineHelp ass eisen Online-Berodungsdéngscht.
D’Äntwerten gi vun engem Grupp benevole Mataarbechter geschriwwen, déi fir d’Email-Berodung forméiert gi sinn.

Selbstverständlech…

… ginn eis fräiwëlleg Mataarbechter net eleng gelooss an hirem Engagement: si sinn an engem Team integréiert, gi vun Psychologen ënnerstëtzt an a regelméissege Formatioune weider ausgebilt.

Wéi laang …

… Mataarbechter bei eis bleiwen, hänkt dovun of, wéi  sënnvoll den Eenzelnen dat fir sech selwer erlieft. Den Equiliber tëschent „ginn a kréien“ muss stëmmen!

Retour en haut de page