Home  >  Eis Infotexter  >  Themeberäich Gewalt  >  Firwat ass et esou schwéier fir ze handelen?
Export PDF

Firwat ass et esou schwéier fir ze handelen?

An engem Kontext vun haislecher Gewalt ze liewen ass immens komplex an et gi vill Grënn, firwat et esou schwéier ass, den Täter ze denoncéieren. Dass dat engem schwéier fält, ass total normal an och legitim. Déi betraffe Persounen zécken oft ganz laang a weien d’Vir- a Nodeeler of, éiert si eng Decisioun huele fir hir Situatioun ze änneren an dogéint fir ze goen.

Ganz vill Affer vun haislecher Gewalt traue sech net, iwwert hir Sirtuatioun ze schwätzen, well si fäerten, den Täter géif da mat nach méi Gewalt reagéieren oder sech un hinne rächen. Ganz oft bleiwen déi Betraffen och, fir hir Koppelbezéiung an hir Famill ze retten.

D’Hoffnung, dass d’Situatioun sech awer nach kéint veränneren, dreift si dozou, dem Partner nach eng Chance ze ginn an de Projet Famill net stierwen ze loossen. D’Scholdgefiller, d’Gefiller vun Einsamkeet a Schimmt, finanziell Ofhängegkeet, fehlend Wëssen iwwert  d’gesetzlech Lag an déi domat verbonne Rechter, reliéis a kulturell Iwwerzeegungen, d’Léift zum Partner an zur Famill esou wéi den Drock vun hirem Entourage maachen hir Entscheedung op kee Fall méi einfach.

All dës Elementer féieren déi Betraffen zur Illusioun ze mengen, dass si an enger auswegloser Situatioun sinn, dass d’Ustrengung, déi si leeschte missten, fir aus dëser Situatioun eraus ze kommen, einfach ze grouss ass, dass et ze vill Risike ginn an ze wéineg oder keng Ënnerstëtzung.

Allerdéngs, wann Dir aner vertrauenswürdeg Leit op Är Situatioun opmierksam maacht, da wäert Dir gesinn, dass Dir net eleng sidd an Ärer Situatioun an dass et Mënsche ginn, déi Iech hëllefe kënnen. Mir alleguer hunn d’Recht, am Fridden ze liewen a Respekt anzefuerderen fir eis selwer. Gewalt kann an däerf net entschëllegt ginn; den Täter huet ëmmer d’Méiglechkeet, een anere Wee ze wielen a keng Gewalt anzesetzen.

 

Wann dir ënner der  Gewalt vun engem Mënsch leid, deen Iech nosteet, dann ass et wierklech wichteg ze handelen. Je éischter Dir handelt, ëmsou méi Chancen hutt Dir, dass Dir Är Bezéiung rette kënnt. Wann d’Gewalterfahrung ze laang undauert, da bleift iergendwann just nach d’Trennung als eenzeg Léisung.  Andeems Dir Är Situatioun offensiv ugitt, kënnt Dir et méiglech maachen, dass Dir Ärer Koppelbezéung an Ärer Famill nach Chance kënnt ginn, dass Dir Är Kanner schützen an och Iech selwer rette kënnt.

 Eng éischt Etapp an der Verännerung besteet schonn doran, dass Dir d’Gespréich mat engem Mënsch sicht, deem Dir vertraue kënnt. Wann Dir keen hutt, mat deem Dir am Vertraue schwätze kënnt, dann zéckt net, fir Iech un d’Mataarbechter vun SOS Détresse ze riichten, andeems Dir eis urufft (454545) oder schreift (www.454545.lu).

 

Retour en haut de page