Wien äntwert eigentlech um Telefon oder op de Mail?
Wien ass mäi Gespréichspartner um Telefon?
45 Männer a Fraen …
… tëschent 30 a 75 Joer jonk …
… aus alle méigleche Liewenssituatiounen a Beruffer …
… aus verschiddenen europäesche Länner …
… alleguere fräiwelleg um Telefon engagéiert nodeems si
an eiser Ausbildung dorop virbereet gi sinn.
Wien kritt meng Emailen?
SOS OnlineHelp ass eisen Online-Berodungsdéngscht.
D’Äntwerten gi vun engem Grupp benevole Mataarbechter geschriwwen, déi fir d’Email-Berodung forméiert gi sinn.
Selbstverständlech…
… ginn eis fräiwëlleg Mataarbechter net eleng gelooss an hirem Engagement: si sinn an engem Team integréiert, gi vun Psychologen ënnerstëtzt an a regelméissege Formatioune weider ausgebilt.
Wéi laang …
… Mataarbechter bei eis bleiwen, hänkt dovun of, wéi sënnvoll den Eenzelnen dat fir sech selwer erlieft. Den Equiliber tëschent „ginn a kréien“ muss stëmmen!