Home  >  Eis Aktualitéiten  >  20 Joer Leedung vun SOS Détresse, e grousse Merci un d’Marcelle Walch
Eis Aktualitéiten

20 Joer Leedung vun SOS Détresse, e grousse Merci un d’Marcelle Walch

Publié le 5 Juli 2018

E grousse Merci un d’Marcelle Walch, déi wärend 20 Joer SOS Détresse mat vill Freed an Engagement geleed huet. Si huet sech fir eng nei Etappen entscheet an iwwergëtt voller Vertrauen hir Funktioun vu Chargé de direction un de Sébastien Hay.

Zum Schluss vun hirer professioneller Carrière, ass d’Marcelle Walch, den 23. Juni am Kader vun der Zeremonie vum Nationalfeierdag fir hire 20 järegen Engagement bei SOS Détresse mam „Chevalier Ordre de la Couronne de Chêne“ geéiert ginn. Och mir gratuléieren a freeën eis mat hir fir dëst Wäertschätzung vun der laangjäreger a wichteger Aarbecht vun der Organisatioun an de benevole Mataarbechter.

Foto : Guy Jallay; wort.lu

Retour en haut de page