Dir géift gär vertraulech mat engem schwätzen?
Eis Méiglechkeeten…
D’Grondsätz vun eiser Aarbecht sinn: Anonymitéit, Diskretioun, Toleranz an Offenheet.
Mir versichen jidderengem mat Verständnis a Wäertschätzung ze begéinen – wéi ëmmer seng Situatioun och ass.
Op der anerer Säit um Telefon si keng Psychologen a keng Therapeuten, mee interesséiert an qualifizéiert Benevolen.
Wéi déi eenzel Gespréicher sech entwéckelen, hänkt vun der momentaner Liewenssituatioun vun der Persoun of:
- sou muss deen een mol Damp ofloossen
- en aneren sicht Klärung an Orientéierung
- oder awer Ennerstëtzung an Trouscht
- déi eng wëlle sech preparéieren op wichteg Gespréicher oder Ausernanersetzungen
- während anerer d’Gespréich oder d’Schreiwen notzen fir an hirer Situatioun erëm nei Motivatioun, Kraaft a Courage ze entwéckelen.
Brauch d’Persoun déi eis kontaktéiert eng Therapie oder eng aner aktiv Hëllefstellung, da kënne mir si iwwer déi Servicer, déi bestinn, informéieren.