SOS Détresse op Englesch: elo och Sonndes

Mir si frou matzedeelen, dass mir ab Mee 2025 och Sonndes vu 11:00 bis 23:00 Auer op Englesch erreechbar sinn. Esou ass eis englesch Linn an der Mëtt vun der Woch – mëttwochs – an op béide Weekend-Deeg op. Dëst well mir unhuelen, dass déi meescht Persounen, déi Englesch als Haaptsprooch benotzen, aus beruffleche Grënn op Lëtzebuerg komm sinn an esou de Weekend méi Zäit hunn, fir ze schwätzen.
Am multilinguale Lëtzebuerg kann et besonnesch schwiereg sinn, iwwer emotional oder perséinlech Themen ze schwätzen, wann ee sech an enger bestëmmter Sprooch net wuel fillt. SOS Détresse wëll esou vill Leit wéi méiglech en hëllefräicht Gespréich ubidden. Dofir hu mir eisen Telefon am Joer 2022 och op Englesch opgemaach – zousätzlech zu eiser Telefonsberodung op Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch.
SOS Détresse ass iwwer Telefon all Dag vu 11:00 bis 23:00 Auer op Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch erreechbar (a wärend dem Weekend bis 03:00 Auer).
Eis Englesch Linn ass all Mëttwoch, Samschdeg a Sonndeg vun 11:00 bis 23:00 Auer op.