Home  >  Notre actualité  >  Mir siche Verstärkung fir eis Equipe: Psycholog (m/f/d)
Notre actualité

Mir siche Verstärkung fir eis Equipe: Psycholog (m/f/d)

Publié le 10 février 2025

SOS Détresse – mir hëllefen iwwer Telefon an Online asbl

Sicht en:

Psycholog (bac +5) (m/f/d)

40 St. CDI

Wanns Du en dynameschen an engagéierte Service a senger Weiderentwécklung wëlls begleeden, eng mënschlech beräicherend an ofwiesslungsräich Erausfuerderung sichs, da freeë mir eis op Deng Kandidatur.

Deng Missiounen an Aufgaben:

  • Plangen, Entwéckelen an Duerchféiere vu Formatioune extern a fir eis Benevollen
  • Supervisioun vu Benevollen
  • Encadrement an Ausbildung vu Benevollen am Alldag
  • Mathëllef un der Entwécklung an Evaluatioun vun neie Strategien, Konzepter a Projeten
  • Presentatioun vum Service am soziale Secteur a Medien
  • Op d’Besoine vun eisem Service agoen

Däi Profil a Kompetenzen:

  • Masterofschloss an der Psychologie
  • Méijähreg Erfarung am soziale Secteur
  • E staarke Sënn fir Diskretioun, Vertraulechkeet, Empathie a Verständnis fir Mënschen an Noutsituatiounen oder akute Krisen
  • Wäerter a Sensibilitéit am Zesummenhang mam fräiwëllegen Engagement
  • Verantwortungsbewosstsinn, gutt Organisatioun, Kommunikatiounsfäegkeeten a Fäegkeet autonom wéi och am Team ze schaffen
  • Beherrsche vun de Software Word, Excel, Powerpoint, souwéi gudden Ëmgang mat Computerprogrammen am Allgemengen
  • Flexibilitéit a punkto Aarbechtszäiten (Verfügbarkeet Owes a Weekends)
  • Obligatoresch: Exzellent Kenntnisser am Lëtzebuergeschen, Däitschen, Franséischen an Engleschen
  • Führerschäi B an en Auto zur Verfügung

Wat mir bidden:

Mir bidden Dir eng interessant an ofwiesslungsräich Aarbecht an enger Ekipp vun héichmotivéierte Professionellen a Benevollen, déi an enger kollegialer a frëndlecher Atmosphär zesummeschaffen.

D’Plaz ass ab direkt ze besetzen.

Bewerbung:
Wann s Du interesséiert bass, schéck eis Deng Bewerbung mat:

  • enger Lettre de Motivation,
  • engem ausféierleche CV,
  • enger Kopie vun Diplomer an Zertifikater,
  • an enger aktueller Foto

bis spéitstens den 28. Februar 2025 un administration@sosdetresse.lu.

Bei enger Astellung gëtt en aktuellen Auszuch vum Casier Judiciaire verlaangt.

D’Remuneratioun entsprécht dem SAS-Kollektivvertrag (Carrière C7).

Retour en haut de page