dt | fr | en | pt | es

Firwat eng Mailberodung?

Fir vill Leit ass et méi einfach, Problemer, Suergen a Gefiller schrëftlech matzedeele wéi si an engem Gespréich ze formuléieren. D’Opschreiwe vun den eegene Gedanken a Gefiller kann eng nei Perspektiv ginn an nei Weeër weisen un déi ee virdrun net geduecht hat. Dat eleng ka schonn eng Entlaaschtung sinn.

Oft hänke mir mat eise Problemer fest an dréinen a Gedanken ëmmer weider am Krees. Mir fillen eis hëlleflos a gesi keen Auswee, well mir vill ze no virun enger Mauer stinn. Mir misste just e puer Schrëtt zeréckgoen, fir Dieren a Fënsteren ze gesinn. D’Schreiwe kann eis hëllefen, eis Gedanken nei ze strukturéieren a verschidde Gefiller réischt richteg ze spieren. Schreiwe kann eng Distanz zu eise Problemer a Suerge kreéieren. Mat e bëssen Distanz fält et eis méi liicht, erëm Courage an Hoffnung ze fannen.

Schreiwe kann een éischte Schrëtt sinn, iwwert eppes ze schwätze fir dat mir bis elo nach keng Wierder fonnt hunn.

Ob et ëm Stress oder Mobbing op der Aarbecht geet, ëm Konflikter an der Partnerschaft oder ob alles hoffnungslos schéngt, kee Problem ass ze grouss oder ze kleng fir eis ze schreiwen. Mir si fir Iech do an ënnerstetzen Iech.

 

Adress:
SOS Détresse - Mir hëllefen iwwer Telefon an online a.s.b.l.
B.P. 620, L-2016 Luxembourg


Email:
info@sosdetresse.lu (Keng Berodung)

SOS Détresse huet den
«Agrément formation et conseil socio-familial»
vum Ministère de la Famille, de l’Intégration et à la Grande Région

Spendekonten:
BCEE LU20 0019 5000 1190 4000


SOS Détresse op Facebook

lux | dt | fr