Nossas notícias
Mir sichen nei benevole Mataarbechter
Publié le 21 Outubro 2024
Kënnt Dir gutt nolauschteren?
Interesséiert Dir Iech fir tëschemënschlech Bezéiungen a fir Psychologie?
Kennt Dir Iech selwer gutt a wësst Dir, wou Är Grenze sinn?
Kënnt Dir Krisesituatioune meeschteren?
A wëllt Dir e Benevolat ausüben?
Da schléisst Iech eiser Grupp vu benevollen Nolauschter*inne vun
„SOS Détresse – Mir hëllefen iwwer Telefon an online“ un!
Viraussetzung fir de Benevolat ass eis Grondausbildung:
- Dauer vun ca. annerhallwem Joer
- An der Reegel mëttwochs owes (ausser an de Schoulvakanzen), souwéi heiansdo freides owes an/oder samschdes
- Start: 01. Februar 2025
- Zesummen mat aneren Engagéierten a begleet vu Fachpersonal
- Technike vum Nolauschtere léieren
- sech selwer an de Mënsch generell besser kenneléieren
- allgemeng a spezifesch Kenntnisser iwwer Psychologie kréien
Informatiounsgespréicher fannen ab elo statt.
Kontaktéiert eis per E-Mail: benevolat@sosdetresse.lu