Home  >  Dir géift gär vertraulech mat engem schwätzen?

Dir géift gär vertraulech mat engem schwätzen?

Eisen Telefon ass all Dag op vu moies 11 bis owes 23 Auer a Freides a Samschdes d’ganz Nuecht bis 3 Auer.

Dir kënnt eis um 45 45 45 uruffen – mir lauschteren Iech no.

Wie kann sech bei eis mellen?

All Mënschen, déi … 

  • eleng sinn
  • méi schwéier Entscheedunge mussen huelen
  • sech ënner Drock spieren
  • ënner Ängschte leiden
  • ënner Depressioune leiden
  • Problemer an hire Relatiounen hunn
  • eng Trennung verkraafte mussen
  • an Trauer sinn
  • krank sinn oder e Kranke begleeden

All Mënsch, deen en offent vertrauensvollt Gespréich sicht fir iwwer seng perséinlech Situatioun, seng Relatiounen, seng Froen, Problemer, Suergen a Gefiller kënnen ze schwätzen, kann sech bei eis mellen!

Ett ass wichteg ze wëssen, datt jiddereen eis kontaktéiere kann. Et gëtt kee Besoin, deen ze kleng, ze grouss, net wichteg genuch ass….

D’Grondsätz vun eiser Aarbecht sinn: Anonymitéit, Diskretioun, Toleranz an Offenheet.

Mir versichen jidderengem mat Verständnis a Wäertschätzung ze begéinen – wéi ëmmer seng Situatioun och ass.

Op der anerer Säit um Telefon si keng Psychologen a keng Therapeuten, mee interesséiert an qualifizéiert Benevolen.

Wéi déi eenzel Gespréicher sech entwéckelen, hänkt vun der momentaner Liewenssituatioun vun der Persoun of:

  • sou muss deen een mol Damp ofloossen
  • en aneren sicht Klärung an Orientéierung
  • oder awer Ennerstëtzung an Trouscht
  • déi eng wëlle sech preparéieren op wichteg Gespréicher oder Ausernanersetzungen
  • während anerer d’Gespréich oder d’Schreiwen notzen fir an hirer Situatioun erëm nei Motivatioun, Kraaft a Courage ze entwéckelen.

Brauch d’Persoun déi eis kontaktéiert eng Therapie oder eng aner aktiv Hëllefstellung, da kënne mir si iwwer déi Servicer, déi bestinn, informéieren.

Dir kënnt eis e puermol kontaktéieren, mee et ass net méiglech, eng verbindlech Relatioun mam Uriffer opzebauen: Dir musst domat rechnen, datt Dir mat ënnerschiddleche Mataarbechter an d’Gespréich kommt.
Mir maache kee Rendez-vous of a mir rufen och net zréck.

Eist Engagement kann also keng Therapie sinn!
Et ass nëmmen e Gespréich dat mir ubidde kënnen, och well mir wëssen, datt dat scho vill verännere kann …

D’Mailberodung as net stänneg besat a mir huelen eis gären Zäit fir Iech ausféierlech ze äntweren. D’Mailberodung eegent sech also net gutt, wann Dir Iech an enger akuter Krisesituatioun befannt an dringend Hëllef braucht.

Retour en haut de page