Ënnerstëtzung an Zäite vu Coronavirus
Am Moment gëtt et vill verschidden Informatiounen zum Thema Coronakrise a seng Auswierkungen.
Och mir wëllen alleguer ënnerstëtzen, déi veronséchert, ängschtlech, panesch, traureg, genervt, isoléiert an eleng sinn. Mir wëlle Froe beäntwerten, Entwécklungen nozeechnen a Mutt maachen.
Mir wäerten dowéinst eenzel Themen erausgräifen an Iech an nächster Zäit op eiser Homepage reegelméisseg een neie kléngen Text präsentéieren,
vu verschidden Auteuren, vu Professionellen a Benevollen,
a verschiddene Sproochen a Schreifstiler,
mol éischter theoretesch,
mol mat konkreeten Tipps,
mol philosophesch,
mol informativ,
mol wëssenschaftlech,
mol ënnerhalend,
mol tréischtend,
villäicht och mol lëschteg. Begleet eis!
> Wie mit der neuen Zeit umgehen?
> Le risque de solitude en période de confinement
> Die Krise nach der Krise: Nach 2 Jahren Pandemie jetzt Krieg