Home  >  Notre actualité  >  Mir sichen nei benevole Mataarbechter
Notre actualité

Mir sichen nei benevole Mataarbechter

Publié le 21 octobre 2024

Kënnt Dir gutt nolauschteren?

Interesséiert Dir Iech fir tëschemënschlech Bezéiungen a fir Psychologie?

Kennt Dir Iech selwer gutt a wësst Dir, wou Är Grenze sinn?

Kënnt Dir Krisesituatioune meeschteren?

A wëllt Dir e Benevolat ausüben?

Da schléisst Iech eiser Grupp vu benevollen Nolauschter*inne vun
„SOS Détresse – Mir hëllefen iwwer Telefon an online“ un!

Viraussetzung fir de Benevolat ass eis Grondausbildung:

  • Dauer vun ca. annerhallwem Joer
  • An der Reegel mëttwochs owes (ausser an de Schoulvakanzen), souwéi heiansdo freides owes an/oder samschdes
  • Start: 01. Februar 2025
  • Zesummen mat aneren Engagéierten a begleet vu Fachpersonal
    • Technike vum Nolauschtere léieren
    • sech selwer an de Mënsch generell besser kenneléieren
    • allgemeng a spezifesch Kenntnisser iwwer Psychologie kréien

Informatiounsgespréicher fannen ab elo statt.

Kontaktéiert eis per E-Mail: benevolat@sosdetresse.lu

Retour en haut de page