Home  >  Eis Aktualitéiten  >  Fazit no engem Joer SOS Détresse op Englesch
Eis Aktualitéiten

Fazit no engem Joer SOS Détresse op Englesch

Publié le 3 November 2023

Wann een am multilinguale Lëtzebuerg wunnt, kann et eng besonnesch Erausfuerderung sinn, iwwer emotional oder perséinlech Themen an enger Sprooch ze schwätzen, an där ee sech net wuelfillt. Mir bei SOS Détresse wëllen esou ville Mënsche wéi méiglech hëllefräich Gespréicher ubidden. Dowéinst hu mir de 04. Oktober 2022 eis Ecoute op Englesch ugefaangen hunn, déi mir elo zousätzlech zu eiser telefonescher Ënnerstëtzung op Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch ubidden.  

Ee Joer méi spéit: Eis Benevolle waren all Mëttwoch fir déi Mënschen do, déi e Gespréich op Englesch gebraucht hunn. Dank hirem aussergewéinlechen Asaz an Engagement, konnte mir iwwer dëst éischt Joer 137 Gespréicher op Englesch ubidden. Am Verglach dozou hu mir an der selwechter Zäitperiod ee Joer méi fréi just 29 Uriff op Englesch gehat.

Mir gesinn, dass déi méi héich Zuel un Uriff virun allem mëttwochs wärend eisen englesche Schichte stattfonnt huet, wärend d’Zuel vun Uriff un deenen aneren Deeg vergläichbar bliwwen ass. Dëst weist, dass déi Mënschen, déi ee fir ze schwätze gebraucht hunn, eis Offer vu Gespréicher op Englesch genotzt hunn.

Wat och nach spannend ze gesinn ass, ass dass d’Gespréicher op Englesch an der Moyenne méi laang gedauert hunn, säit et eis Ecoute op Englesch gëtt: 41 Minutten tëscht Oktober 2022 a September 2023 an nëmmen 19 Minutten am Joer virdrun. Dëst deit drop hin, dass mir an der leschter Zäit méi déifgrënneg Gespréicher féiere konnten. Dëst gëtt och bestätegt, wa mir eis ukucken, zu wéi engen Theme Gespréicher stattfonnt hunn: Virun eiser englescher Linn war een Drëttel vun den Uriff op Englesch an der Kategorie “Anerer” (z.B. Informatiounsufroen). Säit dem Start vun der englescher Ecoute hu mir prozentual méi Gespréicher mat déifgrënnegen Theme gefouert (z.B. Famill, Partnerschaft oder den Ëmgang mat staarke Gefiller).

Dës éischt kuerz Zesummefaassung weist, wéi wichteg et ass, dass mir och op Englesch erreechbar sinn, fir eis Ënnerstëtzung nach méi Mënschen zur Verfügung ze stellen. Mat dem Start vun der nächster Ausbildungsgrupp op Englesch am September 2023, hu mir wëlles, fir d’Erreechbarkeeten op Englesch nach weider auszebauen.

SOS Détresse ass erreechbar op Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch, all Dag vun 11:00-23:00 (de Weekend och bis 03:00). Eis englesch Linn ass all Mëttwoch vun 11:00-23:00 ze erreechen. Eis OnlineHelp ass a 5 Sprooche verfügbar (zousätzlech zu den uewe genannten och nach Portugisesch).

Retour en haut de page