Eis Coursen
D’Formation continue
An eiser Formatioun bidde mir de Mataarbechter d’Méiglechkeet, hir perséinlech Kenntnisser an den 3 Elementer vun der Grondausbildung (Selbsterfahrung, Gespréichsféierung, psychologescht Wëssen) kontinuéierlech weider ze entwéckelen.
Thematesch orientéiert Coursë
An thematesch orientéierte Coursë kënnen d’Mataarbechter hiert Wëssen zu konkreten Themen a Problemberäicher, esou wéi hir Kompetenzen an der Gespréichsféierung verdéiwen.
Supervisiounsgruppen
An de Supervisiounsgruppen kënnen d’Mataarbechter spezifesch Froen a Wënsch no Ënnerstëtzung abréngen, déi sech an hirer Praxis um Telefon erginn.
Déi konzeptionell Grondlage
Déi konzeptionell Grondlage vun eisen Ausbildungen sinn
- d’Grondsätz vun der persounenzentréierter Gespréichsféierung vum Carl Rogers,
- d’Haltungen an Denkmodeller vun der systemescher Therapie,
- esou wéi déi rezent Erkenntnisser aus der Neurobiologiefuerschung.