Ziler an Zilgruppen
Zil vun eisem Engagement ass et, Mënschen an Nout eng diskret Hëllef unzebidden. Uruffen oder eng Mail schécken ass meeschtens einfach an onkomplizéiert ze réaliséieren: et brauch ee kee Rendez-vous ofzemaachen, néierens hinzegoen a sech och net ze weisen.
All Joer hu mir ongeféier 4000 Gespréicher mat Mënschen aus alle méigleche Liewenssituatiounen:
- Mënschen, deenen hire Besoin no Klärung, Ënnerstëtzung an Austausch am tëschemënschleche Gespéich momentan net erfëllt gëtt – sief dëst wéinst engem konkreten, penibelen Thema oder wéinst hirer ganzer Liewenssituatioun
- Mënschen an akuten Liewens-, Partnerschafts-, Familljen- a suicidäre Krisen
- Mënschen a laangwiereg schwierege Liewenssituatiounen, Mënschen, déi kierperlech oder psychesch Problemer hunn, suchtkrank sinn, eleng sinn …
D’Aufgab vun de Mataarbechter ass et, de Betraffenen als empathesche Gespréichspartner ze begéinen.
Mënschen an akuter Kris oder a laangwiereg schwierege Liewenssituatioune versiche mir am Gespréich ze ënnerstëtzen, fir datt si erëm Zougang fannen zu hirer ënnerlecher Rou a perséinleche Stäerkten an domat kënnen nei Perspektiven an hirem Liewen entwéckelen.
Ee wichtegt Zil besteet och doran, déi Betraffen z’encouragéieren, anere Mënschen (erëm) kënnen ze vertrauen an hir Hëllef unzehuelen.