Berge steigen für den guten Zweck

E grousse Merci u jiddereen, dee gespent an d’Initiativ „Alone by Choice – for those who aren’t“ ënnerstëtzt huet.

Mat senger Besteigung vum Lagginhorn, déi hien eiser Missioun gewidmet huet, huet de Liam Labrosse eng Spendenaktioun lancéiert an dofier sensibiliséiert, datt Mënschen, déi ënner Einsamkeet leiden oder kee fir ze schwätzen hunn, en oppent Ouer bei SOS Détresse fanne kënnen.

D’Zil vun 1.000 € gouf erreecht a weist, datt all Schrëtt, grouss oder kleng, en Ënnerscheed maache kann.