Grondsätz a Philosophie
Eis Grondsätz a Philosophie:
- Anonymitéit
- Toleranz
- Kompetenz
- Schweigeflicht
- Respekt
- Solidaritéit
- Akzeptanz
- Wäertschätzung
- Empathie
Dem humanistischen Wäertbild verflicht, souwuel um Telefon, wéi och am Team.
Qualitéitsmanagement
Fir kënnen dës exigent Aufgab um Telefon sou wéi an der Mailberodung ze erfëllen, mussen d’Mataarbechter sech op eng serieux Virbereedung, kontinuéierlech Ennerstëtzung a Weiderbildungen verloosse kënnen.
Eng weider Viraussetzung ass déi gutt Zesummenaarbecht tëschent de Benevolen an den ugestallte Mataarbechter, esou wéi de Vertrieder an den Aarbechtsgruppen a Gremien (Mataarbechterrot, Conseil).
Déi institutionell Bedingungen, Normen an Ofleef, déi fir dëst Zusammespill noutwendeg sinn, sinn an der „Qualitéitssécherung bei SOS Détresse“ festgeluecht.
D’Team hannert dem Team
Virbereedung, Weiderbildung a kontinuéierlech Begleedung vun de Benevolen, esou wéi di administrativ Aufgaben gi vun ugestallte Professionellen iwwerholl.