Home  >  Our news  >  Eis Ausbildung fir fräiwëllege Mataarbechter ass op den 24. Februar verluecht!!
Our news

Eis Ausbildung fir fräiwëllege Mataarbechter ass op den 24. Februar verluecht!!

Publié le 14 December 2021

Sidd Dir gären a Kontakt mat anere Leit? Interesséiert Dir iech fir tëschemenschleche Bezéiungen a Psychologie? Kënnt Dir gutt nolauschteren? Dir kennt iech gutt a wësst wou Är Grenze sinn? Kënnt Dir Krisesituatioune meeschteren? An Dir wëllt iech gäre fir ee Benevolat engagéieren?

Da mellt Iech bei onsem Grupp vu fräiwëllegen Nolauschterer vun “SOS Détresse – Mir hëllefen iwwer Telefon an online” un!

“SOS Détresse” gouf an den 70er Jore gegrënnt mam Zil, Leit déi an Nout oder an enger akuter Kris sinn, Hëllef iwwer Telefon ze bidden. D’Gespréicher sinn anonym a vertraulech.

D’Grondausbildung dauert annerhallef Joer an ass op Lëtzebuergesch. Am Laf vun der Ausbildung léiert Dir Technike fir nozelauschteren, kritt allgemeng Kenntnisser iwwer Psychologie an tëschemënschleche Bezéiungen, léiert iech selwer besser kennen, erhéicht Äert Selbstwäertgefill a kritt d’Méiglechkeet iech mat anere Fräiwëllegen a Fachleit aus dem soziale Beräich auszetauschen.

Déi nächst Ausbildung ass verluecht ginn a fänkt de 24. Februar 2022 un.

Informatiounsgespréicher fanne weider statt.

Kontaktéiert ons per Post oder E-Mail!

Adress: SOS Détresse – B.P. 620 – L-2016 Luxemburg

E-Mail: benevolat@sosdetresse.lu

Retour en haut de page